Sie sind hier

Neie Congé parental

News Familie Gilles Baum Max Hahn

D’Familljepolitik, wéi d’DP se gesäit, soll engersäits d’Wuelbefanne vun de Kanner an de Virdergrond stellen, andeems se den Elteren erlaabt méi Zäit mat hinnen ze verbréngen.

Zesummen mam Ausbau vun der Kannerbetreiung, ass d’Reform vum Congé Parental (CP) ee Schratt a Richtung Chancëgläichheet. Fir d’éischt erlaabt d’Period vum CP, dat sech zwëschent dem Kand a sengen Elteren eng enk Relatioun entwéckele kann. De neie System wäert et den Elteren och méi einfach machen, Familjeliewwen a Beruffsliewwen ënnert een Hutt ze kréie, well ee méi flexibele CP besser hire Besoinen entsprécht. D’Zuel vun den Elteren, déi op de CP zeréckgräife wäerten, soll doduercher an d’Luucht goen, besonnesch och den Undeel u Männer.Eng Etude am Optrag vum Familljeministère vum Ufank vun dësem Joer huet nämlech d’Grënn ervirbruecht woufir Elteren sech nach dacks géint den CP entscheeden : Eischtens, well si et sech et finanziell net leeschten kënnen. Zweetens, well fir déi Meescht, besonnesch d’Männer - awer net nëmmen -, de System net flexibel genuch ass.

Wat ännert sech?

Déi gréisste Ännerung wäert déi vun der Flexibiliséierung vun der Dauer sinn. Niewent dem aktuelle System, dee entweder 6 Méint ganzdags oder 12 Méint hallefdag virgesäit, soll et elo méiglech sinn de Congé parental fir  4 Méint ganzdags, respektiv 8 Méint hallefsdags ze huelen. Een Elterendeel muss dee Congé parental, wéi elo och schonn, obligatoresch direkt nom Congé de maternité/d’allaitement, oder dem Congé d’accueil bei Adoptiounen huelen.

Méi Flexibilitéit

Eng weider Méiglechkeet ass bei engem Vollzäitkontrakt vun 40 Stonnen, de CP op eng Period vun 20 Méint während engem Dag pro Woch ze huelen, oder bis zu 4 Auszäiten vu mindestens engem Mount innerhalb vun 20 Méint. Déi nei flexibel Modeller mussen am Accord mam Employeur geholl ginn. De Congé parental ganzdags (also déi 6, an elo och 4 Méint), däerf och weiderhinn net vum Patron  refuséiert ginn.

E méi héije Montant

D’Indemnitéit, déi bis elo bei 1778€/Mount louch, gëtt duerch en Ersatzsalaire ersat, plafonnéiert op 3200€/Mount. Dat heescht, datt ee während dem Congé parental säin Akommes, falls dat ënnert 3200€ läit, behällt. Och déi enescht Limite gëtt eropgesat, an zwar op den onqualifizéierte Mindestloun (1922,9€). Fir den Ersatzsalaire ze définéieren, gëtt de Verdéngscht vun de leschten 12 Méint berücksichtegt.

Aner Ännerungen

Nei ass och, datt de CP bis virum 6. Liewwensjoer vum Kand geholl muss ginn, aktuell ass et bis zum 5. Gebuertsdag. Bei Adoptiounen soll den Délai op 6 Joer nom Congé d’Accueil, a bis den 12. Gebeurtsdag vum Kand, eropgesat ginn.

Eng 10 Stonnen Aarbecht pro Woch wäert an Zukunft och duer goen, amplaz vun 20 Stonnen, fir een Recht op CP ze hunn. Och d’Bedingungen, datt een bei engem eenzege Patron ugestallt ass, soll ewechfaale, sous réserve dat déi verschidde Patronen bei dem een Elterendeel agestallt ass, averstane sinn. 

Déi zwee Elteren duerfen an Zukunft de CP och zu nämmlechter Zäit huelen, also direkt nom Congé de maternité/d’allaitement oder nom Congé d’accueil.

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Gilles Baum

 

view video on chd.lu


Ried vum Max Hahn

Méi Informatioune [méi...]

 


Gilles Baum

Max Hahn