Sie sind hier

Offensiv Fonction publique

News Tribune libre Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty

Eng staark a performant Fonction publique ass wichteg fir Lëtzebuerg.

Si ass e wesentleche Bestanddeel vun der Erfollegsgeschicht vun eisem Land.

Fir dass dat och an Zukunft esou bleift, wëll d’Demokratesch Partei un e puer wichtege Schrauwen dréinen an eng Offensiv am ëffentlechen Déngscht starten.

De Constat ass kloer: Den aktuelle Stage vun 3 Joer dréit net zu enger méi effikasser a besserer Ausbildung fir di zukünfteg Fonctionnaire bäi.

Dat huet een iwwer di lescht Jore vu ville Säiten héieren.

Souwuel di concernéiert Stagiaire selwer, wéi och di betraffen Administratiounen, waren a sinn dacks onzefridden.

D’Stagiairen, well si ganz oft d’Gefill hunn, kee wierkleche Mehrwäert an deene Formatiounen iwwert 3 Joer ze kréien.

Eng Formatioun, déi hinnen och an hirem Alldag – also op der Aarbechtsplaz –  net reell weiderhëlleft, mee déi ganz oft éischter als Schikan ugesi gëtt.

D’Administratiounen, well hinnen di Stagiairen am Alldag ganz konkret einfach feelen, se awer eigentlech gebraucht ginn, fir d’Aarbecht kënnen ze bewältegen. Während 3 Joer op en Deel vun de Leit – déi an der Administratioun schaffen – net kënnen zu 100% zréckgräifen, stellt d’Organisatioun – besonnesch vu mi klenge Verwaltungen – virun eng immens grouss Erausfuerderung.

Dee ganze System stellt also keen zefridden !

Déi lescht Reform vum Staatsdéngscht – ënnert der Responsabilitéit vun der viregter CSV-LSAP Regierung – huet sech deelweis als kontraproduktiv erwisen. Besonnesch wat d’Formatioun an d’Längt vum Stage betrëfft.

D’DP wëll dofir eng substanziell Verkierzung vun der Stagezäit a gläichzäiteg den Inhalt vum Stage op de Leescht huelen. 

Ech huelen e Beispill aus der Praxis: e forméierte Jurist mat engem franséischen Diplom an EU-Recht brauch fir seng Carrière am Finanzministère éischter eng Zousazformatioun a Finanzfroen an am Englesch, wéi eng Weiderbildung iwwer de Fonctionnement vun den EU-Institutiounen – schliisslech ass e jo dodra scho fäerdeg forméiert.

Dat setzt awer och eng Reform vum INAP viraus. Dem Institut d’administration publique, wou d’Kandidate fir den ëffentlechen Déngscht hir Grondausbildung maachen. D’Offer vum INAP muss erweidert a verdéift ginn, fir kënne besser op d’Besoine vun de Kandidaten an den Administratiounen ze reagéieren.

Donieft well d’Demokratesch Partei awer och d’Weiderbildung zu engem festen a ganz wichtege Bestanddeel vun der Beamtecarrière maachen. Firwat ?

D’Welt bleift net stoen, am Géigendeel, grad duerch d’Digitaliséierung ännert sech d’Aarbechtsëmfeld permanent. 

De Life long learning ass d’Viraussetzung, dass ee stänneg um neiste Kenntnisstand ass, wouvun am Endeffekt d’Beamten, d’Administratioun an de Bierger am meeschte profitéiere kënnen.

A genee dat ass jo d’Zil : eng interessant Basisformatioun mat héichwäertege Formation continue fir d’Beamte, wou herno jiddereen dovu profitéiert.

Eng weider Propos vun der DP ass d’Schafe vun enger „Ecole d’administration“ no der Première, fir Kandidaten op hir Carrière am ëffentlechen Déngscht virzebereeden.

Och soll gekuckt ginn, ob een net e Bachelor-Studiëgank schafe sollt, deen op déi spezifesch Besoine vun der Fonction publique ofgestëmmt ass.

Iwwer dat alles soll fir d’DP an der nächster Verhandlungsronn mat de Responsabele vun der CGFP diskutéiert ginn.

Eng Moderniséierung vum Stage an der Weiderbildung ass fir d’DP kloer am Interessi vun de Kandidaten, der Verwaltung an de Bierger hei am Land.

 


Claude Lamberty