Sie sind hier

Erënnerung un den zweete Weltkrich

News Gesellschaft Lex Delles

Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale

Déi gesetzlech Grondlag fir de Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale ass de 9. Juni an der Chamber gestëmmt ginn, deen sech an  Zukunft mat den Froen iwwert d’Gedenken an d’Erënnerung un de zweete Weltkrich befaasse wäert.

Dëse Comité wäert aus 18 Membere bestoen an dat paritätesch aus Vertrieder vun der Resistenz, den Zwangsrekrutéierten an der jüddescher Gemeinschaft. Eng vun de Missiounen vum Comité wäert et sinn de neien nationalen Dag vum Souvenir, deen och mam neie Gesetz geschafe gëtt, mat ze veranstalten.

Den Ost-Deputéierten a Munnerefer Buergermeeschter Lex Delles huet an dem Kontext nach eemol op déi wichteg Roll vun der Mémoire rappelléiert, an dat besonnesch bei de jonke Generatiounen: „Grad elo ass et wichteg vereent hannert dëser gemeinsamer Memoire ze stoen. Fir datt déi jonk Generatiounen, fir déi den zweete Weltkrich ganz wäit ewech ass, sech ëmmer nees bewosst ginn, datt d’Geschicht vu Lëtzebuerg ënnert der Occupatioun aus ganz ville verschidde Schicksaler bestanen huet, an datt et dës ganz verschidde Geschichte sinn, déi eis Land zu deem Land gemaach hunn an deem si haut liewen.

Weider Informatiounen

 

 

Lex Delles