Sie sind hier

Weiderbildung fir Enseignanten

News Bildung Lex Delles

De Mëtten huet den DP-Deputéierte Lex Delles de Rapport zu engem Gesetzesprojet virgedroen, deen sech mat der Formation Continue vun den Enseignanten aus dem Fondamental beschäftegt. An Zukunft geet d’Unzuel un Stonnen, déi am Kader vun der Formation continue musse geleescht ginn, vun 8 op 16 Stonnen d’Joer erop. Dëst kënnt de Schüler ze gutt well si nach besser encadréiert kënne ginn.

 

 

De Lex Delles kommentéiert de Projet esou: "D’Schoulpersonal huet haut méi wéi jee eng grouss Verantwortung ze droen. Nieft dem reng Schouleschen, hunn si och ee wichtege Rôle fir Kanner mat ganz ënnerschiddlechen Hierkonft, Kulturen an Talenter zesummen ze féieren. Dës Heterogénitéit ass ouni Zweiwel eng grouss Chance fir eis Gesellschaft, ma si bréngt op schouleschem Plang och esou munch Erausfuerderung mat sech, mat där een sech muss intensiivst ausernee setzen. Eng Formation continue soll een net als Cours d’appui fir Enseignanten ugesinn. Eng Formation continue soll hëllefen aus den Erfahrunge vun aneren Enseignanten ze léieren, nei pedagogesch an didaktesch Methode kennen ze léieren oder fir allgemeng d’Schoul un d’Erkenntnisser vun haut unzepassen."

 

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Lex Delles

 


Lex Delles