Sie sind hier
Däitlech méi...
deutsche Übersetzung
traduction française
English translation
DÄITLECH MÉI
D‘DP steet fir eng Politik am Interessi vun de Leit. Mir wëllen däitlech méi fir all d‘Bierger vun eisem Land:
- däitlech méi Kafkraaft fir d’Mëttelschichten duerch eng sozial gerecht Steierreform.
- däitlech méi Zäit fir d‘Famill duerch e flexibelen a finanziell besser opgestallte Congé parental.
- däitlech méi Qualitéit an der Kannerbetreiung an an der Schoul duerch eng individuell Fërderung vun all Kand.
DÄITLECH MÉI KAFKRAAFT
Vum 1. Januar 2017 un trëtt d‘Steierreform a Kraaft. Besonnesch d‘Mëttelschichte wäerten dat anert Joer um Enn vum Mount däitlech méi vun hirem Loun iwwreg hunn. Awer och d‘Elengerzéier ginn däitlech entlaascht, fir de Risiko ze reduzéieren an d‘Aarmut ze rutschen. Däitlech méi bréngt d‘Steierreform awer och fir dat eegent Doheem, andeems d‘Uschafe vun engem Eegenheem méi staark ënnerstëtzt gëtt.
Steierrechemaschinn a méi Informatiounen: [steierreform.dp.lu]
DÄITLECH MÉI ZÄIT FIR MENG FAMILL
Den 1. Dezember 2016 trëtt den neie Congé parental a Kraaft. Dëse bréngt méi Flexibilitéit a méi Zäit fir d‘Famill. Den neie Congé parental kann een an Zukunft z.B. nëmmen een Dag d‘Woch huelen. Dat wäert et méi Famillen erlaben, datt d‘Mamm an de Papp vum Congé parental profitéieren. Och finanziell gëtt de Congé parental dofir méi attraktiv.
Rechemaschinn vum Congé parental a méi Informatiounen: [congeparental.dp.lu]
DÄITLECH MÉI CHANCË FIR EIS KANNER
An der Kannerbetreiung ginn et zënter dem Hierscht Qualitéitskritären, déi en eegent pädagogescht Konzept fir all Crèche a Maison Relais virgesinn. Mir wëllen nämlech, datt d‘Kanner net nëmme versuergt, mee och gefërdert ginn. Vum Hierscht 2017 un gëtt doriwwer eraus eng gratis, méisproocheg Kannerbetreiung ugebueden, an där och d‘Lëtzebuerger Sprooch eng wichteg Roll spillt. Och an der Schoul huet eng individuell Fërderung vun all eenzelem Schüler Prioritéit, well mir brauchen ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler. Gläichzäiteg suergt zousätzlecht Léierpersonal fir eng besser Ënnerstëtzung vu Kanner mat Léierschwieregkeeten.
Méi Informatiounen: [bildung.dp.lu]
GESIDD ÄR DEPUTÉIERT AUS DER REGIOUN
Sonndeg, den 23. Oktober 2016
- Mantelsonndeg zu Gréiwemaacher an der Foussgängerzon um „Prosteneck“ vu 14 bis 16 Auer
- Mantelsonndeg an der Stad an der Foussgängerzon, Eck Kapuzinerstrooss vu 14 bis 16 Auer
Dënschdeg, den 25. Oktober 2016
- Plëss an der Stad vun 12 bis 14 Auer
- Maart zu Esch-Uelzecht an der Uelzechtstrooss vun 8 bis 10 Auer
Donneschdeg, den 27. Oktober 2016
- Maart zu Diddeleng op der Gemengeplaz vun 8 bis 10 Auer
Freideg, den 28. Oktober 2016
- Parvis vum Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck vun 10 bis 12 Auer
Samsdeg, den 29. Oktober 2016
- Klierf an der Foussgängerzon vun 10 bis 12 Auer
- Maartplaz zu Iechternach vun 10 bis 12 Auer
- Entrée vum Parc zu Munneref vu 14 bis 16 Auer
- Maart an der Stad um Knuedler vun 8 bis 12 Auer
- Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht vun 10 bis 12 Auer
- Braderie zu Déifferdeng op der Maartplaz vu 14 bis 21 Auer
Anhang | Größe |
---|---|
20161005_dp_fraktioun_kampagne_dina5.pdf | 5.13 MB |