Sie sind hier

Kampf géint den Terrorismus

News Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Nom uergen Attentat vu Paräis am November 2015 huet d’Lëtzebuerger Regierung séier reagéiert an e Gesetz ausgeschafft, dat et den Autoritéiten erlabe soll, méi effikass géint Terroriste virzegoen an Attentatspläng z’evitéieren. Dëst Gesetz ass en Deel vun enger Rei Gesetzer, déi schonn an der Vergaangenheet gestëmmt gi sinn. Sief dat europäesch Texter, déi fir eng besser europäesch Kooperatioun am Kampf géint den Terrorismus suergen, international Konventiounen, duerch déi Lëtzebuerg mat senge weltwäite Partner zesummeschafft oder national Initiativen, ugefaange mam neie SREL-Gesetz.

En effiziente Kampf géint den Terrorismus zeechent sech an éischter Linn duerch gutt equipéiert Autoritéiten aus, déi séier an onkomplizéiert dann agräife kënnen, wann et absolut noutwenneg ass, fir en Attentat ze verhënneren. Gläichermoosse wichteg ass et awer, datt d’Grondrechter vu jidderengem respektéiert ginn an et net zu Mëssbräich kënnt, wéi mir se am Geheimdéngschtskandal kannt hunn“, betount den Eugène Berger.

Am Kader vu Verbriechen, déi am Zesummenhang mat terroristeschen Aktivitéite stinn, kann den Untersuchungsriichter an Zukunft unuerdnen, datt eng verdächteg Persoun kann 48 Stonnen (am Plaz vu 24 Stonnen) festgehale ginn. Et wäerten och Perquisitiounen zu all Zäit bei Verdächtege méiglech sinn. Do dernieft kann d’Police nei Instrumenter asetze fir d’Kommunikatiounskanäl vun Terroristen ofzelauschteren.

All dës Mesurë kënne just am Kader vun Terrorakten oder vu Verbrieche géint d’Sécherheet vum Staat agesat ginn a gi vu strenge Kontrollmechanisme begleet. Déi Instrumenter sinn also net geduecht, fir se géint de normale Bierger anzesetzen“, ënnersträicht den Eugène Berger.

 


Eugène Berger