Sie sind hier

Klimabank

News Klimaschutz und Energie Max Hahn Marc Hansen Pierre Gramegna

Dës Woch hunn de Finanzminister Pierre Gramegna an de Logementsminister Marc Hansen eng Konventioun mat Banken ënnerschriwwen déi e Klimaprêt ubidde wäerten. Dir kënnt Iech domadder elo bei Ärer Bank (Spuerkeess, BGL BNP Paribas, BIL, Fortuna Bank, ING, BCP) iwwert e virdeelhaft Prêt informéiere wann der äert Doheem energetesch sanéiere wëllt.

De Spriecher vun der DP, den Deputéierte Max Hahn ënerstraicht nach eng Kéier d'Wichtegkeet vun der Klimabank: "Bal d'Halschent vun eisen Haiser si virun 1980 gebaut ginn, also an enger Zäit wou d'Isolatiounstechnike fir Haiser nach an de Kannerschung waren. Et si grad dës Haiser, déi en enorme Potenzial hunn, duerch eng anstänneg Isolatioun bis zu 80% vun hiren Heizkäschten anzespueren. Andeems se de Stéit eng komplett Virfinanzéierung vun hirem Sanéierungsprojet garantéiert, ass d'Klimabank e staarke Partner, fir eis al Wunngebaier an den Zäitalter vun der Energieeffizienz ze féieren, a gezielt akommesschwaache Stéit ze hëllefen, hier Energiekäschten erof ze setzen. Mä: Egal op Privatpersoun oder Gesellschaft, jiddereen deen en Haus oder Appartement hei am Land besetzt, dat méi wéi 10 Joer al ass, a fir Wunnzwecker genotzt gëtt, kann de Klimaprêt ufroen."

 


D'Klimabank suergt fir Schwong an der Albausanéierung

Schonn am Joer 2008 huet d'DP d'Iddi vun der Klimabank an d'Liewe geruff an 2013 ass si dunn och an Koalitiounsaccord ageschriwwe ginn. An der leschter Chamberswoch am Dezember ass elo de Gesetzprojet iwwer d'Klimabank och an der Chamber gestëmmt ginn, esou dass d'Klimabank ab dem 1. Januar 2017 Realitéit ass! Hei e puer Wrklärungen vum Logementsminister Marc Hansen an mam Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz Max Hahn doriwwer ënnerhalen.

Wat zeechent déi nei Klimabank aus?

M. Hahn: Bis elo war et ëmmer esou, dass een fir d'éischt emol déi ganz Käschte vun enger energetescher Sanéierung u sengem Haus oder Appartement selwer huet missten droe, an eréischt duerno krut een dann eng Subventioun vum Staat. Mat engem Prêt vun der Klimabank gëtt elo virfinanzéiert, et kritt een also d'Suen ier een ufänkt mat sanéieren.

M. Hansen: Wat mir um Häerz läit, ass dass mer elo och eng Formule aféiere vun där jidderee profitéiere kann. Beim sougenanntenen „Klimaprêt à taux réduit“ iwwerhëlt de Staat 1,5% Zënsen, esou dass een am Moment bal näischt drop bezuele muss. Esou ass Klimabank wierklech fir jiddereen accessibel.

Wéi kann een sech dat konkret virstellen?

M. Hahn: Beim „Klimaprêt à taux zéro“, kann eng Famill zum Beispill den Dach vum Haus an d'Mauere besser isoléieren an en Holzuewen norüsten. Dëst wäert d'Heizkäschten däitlech drécken, esou dass dëse Stot säi Prêt deelweismat dem Erspuerten zréckzebezuelen kann.

M. Hansen: De „Klimaprêt à taux réduit“ ka bis 100.000 Euro goen, esou dass een zum Beispill d'Fënstere mat Draifachverglasung oprüsten, den Dach an d'Mauere besser isoléieren an eng Pelletheizung installéiere kann. Esou gëtt eis zum Deel dach éischter al Bausubstanz no an no energetesch op den neiste Stand bruecht.

Kritt een dann awer weider Primen?

M. Hahn: Jo, deen aktuelle Regime vun der sougenanntener „PRIMe House“ leeft zwar Enn des Joers aus. Mä souwuel beim Neibau wéi bei der Sanéierung kann een och weider vun den neien Hëllefe profitéieren, och nodeems een e Projet mat der Klimabank ofgeschloss huet.

M. Hansen: Ech si frou, dass mer weider konsequent an d'Moderniséierung vun eisen Haiser an Appartementer investéieren. Eng energetesch Sanéierung dréit zu eiser CO2-Bilanz bäi, se bidd den Awunner e méi gemittlecht Doheem, hëlleft de Stéit hir Energierechnung ze drécken an stäerkt den Knowhow vun eisem Handwierk.

 


Pierre Gramegna

Marc Hansen

Max Hahn