Sie sind hier

Kee Stand-by bis d’Chamberwahlen – au contraire, et gëtt nach vill ze dinn!

News Joëlle Elvinger Eugène Berger

De Fraktiounschef vun der DP huet de Mueren op enger Pressekonferenz no der «journée parlementaire» och ënnerstrach, datt d’DP mat Energie an Optimissem an dat lescht Joer vun dëser Legislaturperiod geet.

4 Joer, an deenen d’DP an d’Regierung gutt geschäfft hätten, esou vill, wéi keng aner Regierung virdrun. Eng Aarbecht, un där d’DP e maassgeeblechen Undeel hätt.

Den Eugène Berger huet ë.a. de Logement ugeschwat, wou hien sech kann e «Code de l’urbanisme» virstellen, dee méi eng grouss Kohärenz an Iwwersiichtlechkeet an d’Prozedure bréngt, fir datt ka méi séier gebaut ginn.

D’Staatsfinanze sinn erëm gesond.

D’Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger huet festgehalen, datt d’Regierung déi ëffentlech Finanzen nees am Grëff huet nodeems d’Land 2012 nach an enger Rezessioun wor. Fir 2017 rechent de Statec esouguer mat engem Wuestëm vu 4,8%. «Dat hate mer scho laang neméi!», huet sech d’Walfer Députée-maire gefreet.

D’Joëlle Elvinger geet dovunner aus, datt de Finanzminister am Budget 2018 mat senger virsiichteger Budgetspolitik viru fiert an datt d’Investissementer héich bleiwen.

Dat wier an der Linn vun enger Politik, déi sech responsabel weist vis-à-vis vun de kommende Generatiounen.

Schliislech huet d’DP-Deputéiert annoncéiert, datt si hire Budgetsrapport wäert op eng allgemeng verständlech Manéier presentéieren.

 

 


Eugène Berger

Joëlle Elvinger