Sie sind hier

Eugène Berger

News Eugène Berger

Den Eugène huet eis verlooss. D’Demokratesch Partei an d‘DP-Fraktioun mat den Deputéierten an de Mataarbechter sinn déif traureg iwwert de Verloscht vun hirem Kolleeg... vun hirem „Chef“.

Den Eugène war zäitliewes virun allem e Sportsmann, duerch an duerch. Mat deem domadder verbonnene Fairplay a Spirit.

Als Schoulmeeschter huet den Eugène d‘Schüler mat senger Leidenschaft, mat sengem Devouement a senger Mënschlechkeet begeeschtert. Déi Eegenschaften hunn dono och säi politescht Engagement markéiert.

Zwee Joer nodeems den Eugène als éischte Lëtzebuerger um Mount Everest stoung, ass de Verstuerwenen 1994 an d’Chamber gewielt ginn. Véier Joer méi spéit, ass de gebiertege Beetebuerger als Staatssekretär am Ëmweltministère vun der CSV-DP-Regierung Juncker-Polfer vereedegt ginn. Eng Aufgab, déi dem engagéierten Naturmënsch speziell um Häerz louch.

Vun 2007 bis zu sengem Dout war den Eugène Berger Deputéierten, déi lescht 7 Joer dovunner als Fraktiounschef vun der DP.

An der Gemeng Réiser war de Papp vun zwee Kanner zanter 2011 Conseiller.

A senger Fräizäit huet et den Eugène ëmmer erëm zu senger sportlecher Léift, dem Biergklammen, gezunn. Op wäit ewech, an den héchste Bierger, oder doheem am Mëllerdall. Bei Klammen huet hien den néidegen Ausgläich vun der Politik fonnt, konnt hien sech aktiv entspanen.

Mam Eugène verléisst eis een engagéierten an häerzleche Mënsch, dee sech vill Jore fir d'Wuel vu senge Matmënschen agesat huet.

D'DP-Fraktioun an d'Demokratesch Partei drécken dem Eugène Berger senger Famill, Frënn a Bekannten hiert häerzlechst Bäileed aus.

Eugène, mir vergiessen Dech net.

AnhangGröße
PDF Icon 20200121_eugene_berger.pdf85.2 KB