Sie sind hier

MathemaTIC: Eng App fir Mathé spilleresch ze léieren

News Bildung Claude Meisch Lex Delles

D'Mathé ass fir ganz vill Schüler net einfach ze léieren, dofir huet den Educatiounsminister Claude Meisch dës Woch eng App virgestallt, déi de Schüler op enger flott Aart a Weis des Matière méi nobréngen wäert. Duerch dëse Programm deen op engem Computer awer och op engem Handy benotzt ka ginn, kënen d'Schüler weider Aufgaben zu der Matière am Cours maachen an esou hir Léierzieler erreechen.

Dës App kann een op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch benotzen, esou dass et keng Sproochebarrièren méi ginn“ esou de Minister Claude Meisch. Dëst bedeit, dass all de Schüler déi selwecht Startchancen gebuede ginn.

Et ass och wichteg, dass d'Schüler duerch dës App Übunge maachen déi un hire Wësensniveau ugepasst sinn, esou dass all Schüler individuell ënnerstëtzt gëtt. Et ass wichteg, dass all Kand d'Matière a sengem Tempo léiere kann.

Claude Meisch

 

Den DP-Deputéierte Lex Delles begréisst dës Mesure ausdrécklech: "Mat dëser App erreeche mer zwee Ziler: engersäits hu mer elo e flotte Moyen, fir eppes géint déi relativ héich Duerchfallquoten an der Mathé ze maachen an op där anerer Säit hu mer hei och en digitalt Element, wat eisem Unterrecht mëttelfristeg wäert ze gutt kommen.

Lex Delles