Sie sind hier

Ausnamezoustand während nationaler Kris méiglech

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Simone Beissel

Den Ausnamezoustand ass scho zanter 2004 an eiser Verfassung verankert. Allerdéngs kann dëse bis elo just während enger internationaler an net enger nationaler Kris declenchéiert ginn. Wat ass awer elo den Ënnerscheed tëschent enger internationaler an enger nationaler Kris? Dës Fro ass besonnesch zu Lëtzebuerg, wéinst eisem klengen Territoire schwéier ze beäntweren.

E Problem, deen an de läschte Jore leider erëm u Bedeitung gewonnen huet, ass den Terrorismus. Ass en Attentat op lëtzebuergeschem Bueden eng "crise nationale" oder eng "crise internationale"? Fir sécher ze goen, datt mir op den Eeschtfall gutt preparéiert sinn, ass decidéiert ginn, den Ausnamezoustand och während nationale Krisen ze erméiglechen.

Wa mir haut mat der proposéierter Verfassungsännerung dësen Artikel 32(4) modifiéieren, dann ass dëst net fir d’Rechter vum Parlament, also vun eis selwer se beschneiden, mä fir déi néideg Präzisiounen ze liwweren“, esou d’Simone Beissel an der Chamber.

D’Kritiken un dëser Verfassungsännerung kann d’Simone Beissel dann och nëmme bedéngt novollzéien: „Et stëmmt, datt den Text am Ufank net perfekt war. Dofir hu mir no dräi Avis’en vum Staatsrot a villen Diskussiounen an der Kommissioun vill a konstruktiv um Text geschafft, mat engem Resultat, dat sech weise léisst.“ Esou däerf d’Chamber während dem Ausnamezoustand net opgeléist ginn. Et ass och d’Chamber, déi iwwert d’Verfassungsprozedur engem Ausnamezoustand, dee méi laang wei 10 Deeg, a maximal dräi Méint däerf daueren, iwwert Gesetz muss zoustëmmen.

Effektiv geet de neie Verfassungstext, wat d’Pouvoire vun der Regierung am Ausnamezoustand ubelaangt, net méi wäit wéi dat och scho virdrun de Fall war. Ganz am Géigendeel, den Artikel 32(4) ass an Zukunft méi präzis, manner flu an d’Rechter vum Parlament si besser ofgeséchert.

 

view video on chd.lu


Ried vum Simone Beissel

 


Simone Beissel