Sie sind hier

Ausbau a Moderniséierung vum SEBES

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Dës Woch goufen 2 Projete gestëmmt déi derfir suergen, datt Lëtzebuerg och an Zukunft genuch Drénkwaasser huet.

Méi Kapassitéit fir d’SEBES

D’SEBES (Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre) plënnert op Eschduerf an nei Installatiounen a seng Kapassitéit vun elo 72.000 m3 Drénkwaasser den Dag wäert op 110.000 m3 den Dag ausgebaut ginn. Donieft gëtt och hire Waassertraitementssystem moderniséiert. D‘ Waasser gëtt och zukünfteg net méi mat Chlor, mä mat UV-Strahlen desinfizéiert.

Drénkwaasserversuergung ofsécheren

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet erkläert, datt wëll eist Land wiisst, och d’Demande un Drénkwaasser ëmmer méi grouss gëtt. Hie sot: „Dëse Projet dréit derzou bäi, datt d’Drénkwaasserversuergung fir e gudden Deel vum Land wäert fir eng länger Zukunft ofgeséchert sinn!“ Duerch dëse Projet dierf och elo bei extremen Noutfäll Waasser aus der Sauer geholl gi fir als Drénkwaasser gebraucht ze ginn.

Weider Informatiounen

Ried vum Gusty Graas [méi...]

Gusty Graas