Sie sind hier

Méi Participatioun an e besseren Dialog tëscht der Kulturszen an dem Ministère

News Kultur Guy Arendt Xavier Bettel

Eist Land soll houfreg sinn op esou eng räich an diversifizéiert Kulturlandschaft. Et gëllt elo no dëser éischter Editioun vun de Kulturassisen den Zesummenhalt vun der Politik an der Kulturszen ze verstäerken“​, sou de Minister fir Kultur Xavier Bettel de leschte Weekend op den Assises culturelles 2016.

Virdun huet de Kulturminister erkläert, dass d’Assisen zwar sëcherlech nach verbesserungsfäeg sinn, mee si awer e Schrëtt an déi richteg Richtung sinn. Deem Ganzen waërt och anhand vun Aarbechtsgruppen a weideren Réunioun mam Sekteur, een seriöen Suivi nokommen, dat Ganzt en vue vun engem Kulturentwécklungsplang.

Direkt am Ufank, vu senger Ouverturesried huet de Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt op déi partizipativ Approche, déi de Kulturministère als Virbereedung zu den Assisen adoptéiert huet, opmierksam gemaach.

An insgesamt 8 Austausch- an Verstännegungsreuniouen huet de Guy Arendt sämtlech Secteuren aus der Kulturszen gesinn an mat hinnen déi grouss Defien fir d'Zukunft vun all Secteur analyséiert.

Am Kader vun den Assisen goufen awer net nëmmen déi Kulturschaafend befrot. Eng grouss Ëmfro, déi vum Kulturministère an Optrag ginn war, huet d’Leit aus dem Vollek zu hirem Kulturverständnis an zum Wäert vun der Kulturszen heiheem befrot. D’Resultat vun dëser Ëmfro, grad ewéi d’Rapporten vun den 8 Reuniounen mat den diversen Secteuren kann een um Internetsite zu den Assisen consultéieren. [méi...]

D’Haaptzil vun den Assisen war et den Acteuren aus dem Kulturberäich eng Plattform fir ee besseren Dialog tëscht dem Secteur an der Politik ze bidden, awer och fir déi Kulturschaafend ze motivéieren sech anzebréngen an matzediskutéieren.

An insgesamt véier Panelen, an deenen Experten aus de jeeweilege Beräicher wéi och Leit aus der lëtzebuergescher Kulturszen invitéiert waren, sinn déi grouss Sujet’en déi sech an den Virbereedungsreuniounen erauskristalliséiert hunn, opgeschafft an diskutéiert ginn. Folgend Themen stoungen de leschte Weekend am Mëttelpunkt : Kultur an Educatioun, de Beruff vum fräischaffenden Kënschtler, d’Promotioun vun der lëtzebuergescher Création artistique an de Wäert vun der Kultur heiheem. Während den Debaten konnten vill Spectateuren am Sall sech Gehéier verschafen, hier Suergen a Problemer déi si am Secteur gesinn an erliewen matdeelen, a méi oder manner kritesch Remarquen goufen gemaach.

De Kulturminister huet awer och déi gutt Zesummenaarbecht mam Guy Arendt, sengen Mataarbechter aus dem Ministère an dem ganze Secteur gelueft, an erkläert dass de Kulturministère an Zukunft méi eng konstruktiv Roll fir déi Kulturschaafend spille soll an nei Strategien fir eis Kultur besser national an international ze promovéieren entwéckelt musse ginn. E weideren positiven Aspekt vun den Assisen fir de Secteur ass sécherlech och dem Xavier Bettel säi Verspriechen 2017 de Budget vun der Kultur nei ze iwwerdenken an eropzesetzen.

Zum Schluss vu senger Interventioun huet de Xavier Bettel betount dass et schwéier ass Kultur ze definéieren, dass de Stellewäert vun der Kultur méi Gewiicht muss kréien, an dass d’Kultur den Zement vun eiser Gesellschaft ass, op déi mer zesummen houfreg kënne sinn.

 


Guy Arendt

Xavier Bettel