Sie sind hier

D’DP trauert em den Niki Bettendorf

News

Foto: Lëtzebuerger Journal (1999)

Am Alter vun 81 Joer ass den Niki Bettendorf gestuerwen. De laangjäregen Deputéierten an Éierebuergermeeschter vu Bartreng war 16 Joer laang an der Chamber (1990-2006) an 29 Joer laang un der Spëtzt vun der Gemeng Bartreng (1982, 1. Wiel als Proporzgemeng-2001).

Op nationalem Niveau huet den Niki Bettendorf sech zemol em d’Beräicher Gesondheet a Soziales bekëmmert, ë.a. als President vun der Santéskommissioun während der CSV-DP-Koalitioun vun 1999 bis 2004. Vun 1999 bis 2006 war hie Vizepresident vun der Chamber. Eng aner Missioun wor déi als President vun der Lëtzebuerger Delegatioun am NATO-Parlament.

Den Niki Bettendorf huet sech während senger politescher Carrière och vill ëm d’Uleies vun de Privatbeamte bekëmmert.

Bei de Chamberwahlen 1999 huet d’DP ënnert dem Zentrumspresident Niki Bettendorf eent vun hire beschte Wahlresultater an deem Bezierk realiséiert.

Als Bartrenger Buergermeeschter huet de gebiertege Bielesser Jong wéi keen zweeten d’Entwécklung vu Bartreng zu enger vun de modernsten an attraktiivsten Uertschaften am Zentrum vum Land marquéiert. Säin Numm steet z.B. fir de Bau vum „Centre Atert“ oder vun der Emgéiungsstrooss vu Bartreng.

"Alles, wat mir haut zu Bartreng opweises hunn, fousst op der Aarbecht an der Initiativ vum Niki", ënnersträicht den aktuelle Buergermeeschter Frank Colabianchi.

Dem Bettendorfs Niki säin Numm war och ganz enk mat der Bartrenger "Sparta" verknäppt, ëm déi hien sech als Spiller, Trainer an als President méi wéi verdéngt gemaach huet. De sportlechen Héichpunkt war sonner Zweiwel 1969, wéi den Niki „Back“-Spiller an der Championsequipe war. No senger politescher Carrière huet den Niki Bettendorf sech als Vizepresident vun der FLBB weider fir de Lëtzebuerger Basketball agesat.

Eis Presidentin Corinne Cahen erënnert sech un hir Gespréicher an der lescht mam Niki Bettendorf: „Äddi Niki. Ech si vill traureg. Du waars e Virbild. Ech si frou, dass mer di lescht Wochen nach iwwer villes zesumme konnte poteren. Deng Freed, wéi ech der gesot hunn, dass de Frank elo an d’Chamber kennt, wäert ech ni vergiessen. Dech, Niki, wäert ech ni vergiessen.

Den Niki Bettendorf war e geruede Mënsch, fir deen e Wuert e Wuert war.

D’DP seet dem Verstuerwene senger Fra Henriette, senger Duechter Joëlle, senger ganzer Famill a senge sëlleche Frënn hiert häerzlechst Bäileed.