Sie sind hier

Esou packe mir de Wee zeréck an d'Normalitéit!

News Arbeit Ausnahmezustand Finanzen Gesellschaft Wirtschaft Claude Lamberty Xavier Bettel

De Premierminister Xavier Bettel ass mat gudden Nouvelle virun d’Presse getrueden. Déi rezent Entwécklung vun den Infektiounszuelen erlaben der Regierung ee weidere Schrëtt Richtung Normalitéit ze goen. Ab dem nächste Méinden, dem 11. Mee, kënnen d’Independanten an d’Butteker nees hir Dieren opmaachen.

Zënter Ufank vun dëser sanitärer Kris gouf keen am Reen stoe gelooss. D’Regierung huet de Betriber ënnert Äerm gegraff an hir finanziell Ënnerstëtzung reegelméisseg erweidert. “Et kascht, wat et kascht”, huet de Premierminister deemools versprach. De Finanzminister Pierre Gramegna an de Mëttelstandsminister Lex Delles hunn en ëmfaassende Stabilisatiounspak an Héicht vu bal 9 Milliarden ausgeschafft fir den Entreprisen, Start-uppen, Salariéen, Fräiberuffler a Kënschtler wärend der schwéierer Phase vum Confinement ze hëllefen.

Nei Phase vum Deconfinement

Trotz all dëse finanziellen Hëllefen ass wuel déi bescht Noriicht fir d’Betriber, datt si nees kënnen hir Dieren opmaachen. Keng Aide ass nämlech esou vill wäert wéi nees kënnen eegestänneg ze schaffen a Clienten an hire Butteker z’ëmfänken.

Och de soziale Kontakt ënnert de Leit soll nees méi zougelooss ginn. Nodeems d’lescht Woch d’Visitte vu Familljememberen an den Alters- a Fleegeheemer nees méiglech goufen, ginn ab dem Méinden och Visitte bei Famill a Frënn ënnert verschiddene Konditiounen erlaabt. Bis zu maximal 6 Leit kënnen sech bannent enger Wunneng gesinn. Och Aktivitéiten un der frëscher Loft si bis zu enger Unzuel vun 20 Participante méiglech. Dobäi soll awer och weiderhin op eis vulnerabel Matmënschen oppasst ginn.

50 Masken pro Awunner iwwer 16

De Premier huet zudeem annoncéiert, datt d’Regierung den Awunner iwwer 16 Joer 50 weider Masken zur Verfügung stellt. D’Distributioun wäert déi nächst Wochen organiséiert ginn. Och d’Frontaliere wäerten heivun profitéieren.

Déi gemeinsam Efforte vun deene leschte Wochen a Méint maachen dëst schrëttweis Ophiewe vun de Restriktioune méiglech. De Kampf géint de Virus ass awer nach net gewonnen. Et gëllt weiderhi virsiichteg ze sinn an d’Consignen vun der Regierung ze respektéieren. D’Schütze vun de vulnerabele Leit huet nach ëmmer Prioritéit. Nëmme wann d’Infektiounszuelen déif bléiwen, kënne weider Schrëtt an d’Ae gefaast ginn.

Bleift gesond a passt weiderhin op Iech op.


➡️  Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Xavier Bettel

Claude Lamberty