Sie sind hier

Doktesch-Penurie: E Problem, deen eis alleguerte betrëfft

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Am Juli dëst Joer huet eist Verfassungsgeriicht eng richtungsweisend Decisioun a Punkto medezinesch Equipementer an de Centres médicaux geholl. E Radiolog hat vum Gesondheetsministère verbuede kritt, sech en IRM fir seng Praxis ze besuergen. Fir d’Riichter ass dëse Verbuet contraire zu eiser Verfassung, well dës ë.a. den Dokteren d’Ausübung vun hirem liberale Beruff garantéiert.

De Monopol vun de Spideeler, verschidden Equipementer a medezinesch Leeschtungen unzebidden, dee bis elo op engem Règlement grand-ducal gefousst huet, ass mat dëser Decisioun gebrach. Domat ass d‘Dir opgemaach, fir dass de Secteur extra-hospitalier hei am Land kann ausgebaut ginn. Konkret heescht dat, dass Dokteren an Zukunft selwer eng Rei medezinesch Apparater an hire Praxissen installéiere kënnen.

Fir d’DP sollte generell méi medezinesch Interventioune kënnen a Strukture baussent de Spideeler gemaach ginn. D’Leit missten deemno manner dacks an d’Klinicke goen an d’Waardezäite bei verschidden Akte géinge vill méi kleng ginn.

Dovun ofgesin, bitt d’Decisioun vum Verfassungsgeriicht och d’Méiglechkeet, fir de Beruff vum Dokter hei am Land nees méi attraktiv ze maachen. D’Penurie vun den Dokteren – an allgemeng vun de Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen – gëtt nämlech ëmmer méi reell. Dem Rapport iwwert d’Démographie médicale vun der Marie-Lise Lair no, riskéiere 59-71% vun den Doktere bis d’Joer 2034 – d.h. bannent den nächste 15 Joer – an d’Pensioun ze goen.

Fakt ass och, dass et ëmmer manner Lëtzebuerger Doktere ginn. Bis elo konnten nach genuch Leit aus dem Ausland engagéiert ginn, fir de Minus ze fëllen. 49% vun de Dokteren an 62% vun de Leit soss aus dem Gesondheetssecteur kommen aus dem Ausland.

Dofir brauche mer onbedéngt eng staark Sensibiliséierung fir all d‘Beruffer aus dem Gesondheets-Secteur an en Aktiounsplang mat e puer direkte Mesuren. Dozou gehéiere virop eng Reorganisatioun vum Gesondheetswiesen a vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer a besser Ureizer, fir sech als Dokter zu Lëtzebuerg z’installéieren.

Eise Gesondheetssystem steet um Spill – mir sollten eis dofir d’Moyene ginn, fir dorobber ze reagéieren.

Dozou gehéiert fir d’DP d’Fërderung vu sougenannte Cabinets de groupe, also Regruppementer vun Dokteren an enger Praxis, déi d’Disponibilitéit am Land – notamment och am ländleche Raum – garantéieren. Ma och d’Digitaliséierung am Beruff, d’Upassung vun der Nomenclature oder d’Telemedezin si méi wéi Sloganen. Et sinn dat Pisten, fir déi medezinesch Versuergung hei am Land esou ze liberaliséieren, datt de Bierger, also de Patient, um Enn de Gewënner ass.

Mir hunn nach Zäit fir d’Problemer, déi et ginn, ze léisen, ma mir dierfen eis net méi ze vill Zäit dofir loossen…

 


Carole Hartmann