Sie sind hier

Neit Landesplanungsgesetz

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

D’Gesetz iwwert den Aménagement du territoire vun 2013 sollt d’Fundament vun der Landesplanung duerstellen. D’PAGe vun de Gemengen an d’Plans sectoriels sinn d’Material an d’Instrumenter, mat deenen d’Haus Lëtzebuerg soll Schrëtt fir Schrëtt gebaut ginn. Elo ass et awer esou komm, wéi et huet musse kommen. D’Landesplanungsgesetz – eist Fundament –  war net staark genuch, fir de schwéiere Bëtong ze droen an krut déi éischt Rëss, är mir iwwerhaapt richteg ugefaangen hu mat bauen“, esou beschreift den DP-Deputéierten Max Hahn de Problem, mat deem d’Chamber dësen Donneschdeg befaasst war.

Den 9. Juli 2013 huet déi deemoleg CSV-LSAP Majoritéit en neit Kadergesetz fir d’Landesplanung an der Chamber gestëmmt. Dat Gesetz sollt ënnert anerem als legal Basis dénge, fir d’Plans sectoriels ze verëffentlechen. De Max Hahn: „Et war déi nei Regierung, et war dës Regierung ,déi dunn endlech am Joer 2014 Neel mat Käpp gemaach huet an d’Plans sectoriels an d’Prozedur geschéckt huet andeems d’Pläng verëffentlecht goufen an de Public consultéiert ginn ass.

Fir de Max Hahn war dëst déi richteg Entscheedung. Hie wonnert sech awer driwwer, datt grad d’CSV d’Verëffentleche vun de sektorielle Pläng kritiséiert, „eng Partei, déi vun 1979 bis 2013 onënnerbrach an der Regierung war an et virun allem tëschent 2004 an 2013 verschlof huet fir de wichtegen Dossier vun der Landesplanung virunzedreiwen an esou wäertvoll Zäit verluer huet, wat dem Land an der Liewensqualitéit vu senge Bierger net gutt gedoen huet“. De Max Hahn ass op deem Punkt formell: „Keen huet déi juristesch Schwieregkeete virausgesinn. Weder déi deemoleg Majoritéit an Oppositioun, nach de Staatsrot. De Problem gouf eréischt entdeckt, nodeems d’Pläng an der Prozedur waren. Wann also elo en CSV-Minister d’Plans sectoriels nach méi laang am Tirang leie gelooss hätt, dann wier dee Problem och deementspriechend méi spéit eraus komm.

D’DP begréisst dann och, datt d’Publikatioun vun de Plans sectoriels fir e wäertvollen Input vu villen Acteuren a virun allem vun de Gemenge gesuergt huet. D’Regierung huet vill Kritiken an Verbesserungsvirschléi iwwerholl. Dat neit Landesplanungsgesetz bréngt dann och e sëlleche Verbesserunge mat sech. Esou ass elo vill méi kloer gereegelt, wéini Eegentumsrechter däerfen ageschränkt ginn a wéini net. An d’Gemenge hu manner administrativ Hürde fir hir Bebauungspläng der Reglementatioun unzepassen.

De Max Hahn huet an der Chamber ofschléissend op d’Wichtegkeet vun enger kohärenter Landesplanung fir d’Wuesstemsdebatt higewisen: „Wärend deene leschte Joerzéngten hu mir eis keng Froen iwwer de Wuesstem gestallt. Mir sinn einfach gewuess. Leider hu mir eis an där Zäit och ze wéineg ëm eis Landesplanung gekëmmert. D’Resultat gesi mir haut all Dag op eisen Stroossen an op eisem Immobiliëmarché. Egal wéi eis Debatt iwwer de Wuesstem ausgoe wäert ass et wichteg, datt mir op dësem Dag endlech d’Fundament fir eng kohärent Landesplanung geluecht hunn. E Fundament, dat hoffentlech laang Joren ouni Rëss auskomme wäert.

 


Max Hahn