Sie sind hier

Konzessiounsvertrag mat der CLT gëtt no 2021 duerch en neie Modell ersat

News Medien und ICT Xavier Bettel Marc Hansen

De Xavier Bettel presentéiert Schwéierpunkte vu senger Politik an de Beräicher vun de Medien, der Kommunikatioun an der Digitaliséierung.

Virun der zoustänneger Chamberkommissioun huet de Premier sech fir eng staark, breedgefächert an onofhängeg Press ausgeschwat. Dofir gëtt d’Pressehëllef vu vir bis hanne reforméiert. Dobäi sollen d’Subsiden onofhängeg vum Support (Pabeier oder digital) consideréiert ginn. De professionelle Journalist gëtt valoriséiert.

Wat de Radio 100,7 betrëfft, gëtt eng Diskussioun iwwert deem seng Missioun gefouert, esou de Xavier Bettel. Dofir gëtt de Budget hei weider konsequent erhéicht. De Konzessiounsvertrag mat der CLT leeft iwwerdeems weider bis 2021 a gëtt duerno duerch en nei Modell ersat.

Allgemeng soll de Sekter vun den audiovisuelle Medie weider evaluéiert a valoriséiert ginn.

Wat d’Digitaliséierung betrëfft, hunn de Ressortminister an den delegéierte Minister Marc Hansen ënnerstrach, datt dee Portefeuille an alles iwwergräift, wat d’Leit an d’Politik all Dag beschäftegt. Dofir wier et esou wichteg gewiescht, fir en Digitaliséierungministère ze schafen, deen eng zentral Koordinatiounsplaz bitt, wou all déi Prozesser zesumme lafen.

 


Xavier Bettel

Marc Hansen