Sie sind hier

Barrierefräiheet fir Leit mat Behënnerung– och am Internet

News Gesellschaft Eugène Berger

Gréng Luucht um Krautmaart fir e wichtegt Gesetz, dat e weidere Schrëtt a Richtung vun enger méi inklusiver Gesellschaft duerstellt. Vu dass sech ëmmer méi vun eisen Aktivitéiten am Internet ofspillen, däerf d’Ofbaue vu Barrièrë fir Leit mat enger Behënnerung net virum Computer stoebleiwen.

Mam neie Gesetz ass all ëffentlechen Acteur an Zukunft verflicht, säin Internetsite an seng App, wann en eng huet, sou ze gestalten, dass d’Informatioune fir all Mënsch zougänglech sinn.

 „Den Zougang zu Informatiounen ass e fundamentaalt Recht fir all Bierger, onofhängeg vun de kierperlechen oder kognitive Kapassitéiten“, esou de Rapporter Eugène Berger.

Konkret bedeit dat, dass d’Informatiounen op engem Site z.B. fir Leit, déi net gutt gesinn, a geschwater Form zougänglech gemaach musse ginn. Ëmgedréint, wann Informatiounen an engem Video vermëttelt ginn, muss och e geschriwwenen Text dobäigesat ginn, fir Leit, déi net gutt héieren. Donieft ass och virgesinn, dass déi jeeweileg Informatiounen an der sougenannter „leichte Sprache“ kënne consultéiert ginn.

No der Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch d’lescht Joer, féiert d’Regierung domat hir Efforten, fir eng méi breet Inclusioun vun all Mënsch an all Aspekt vun eiser Gesellschaft ze garantéieren, konsequent weider, esou wéi si dat am Regierungsprogramm festgehalen hat.

 


Eugène Berger