Sie sind hier

Erschwéngleche Wunnraum: E Puzzle mat ville Stécker.

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Léif Nolauschterer,

Den nächste Mount gëtt an der Chamber iwwert de Logement diskutéiert. De Problem vun ze wéinegen an ze deiere Wunnengen zu Lëtzebuerg ass net nei. Am Joer 2005 huet den deemolege Premier Jean-Claude Juncker an der Chamber missen zouginn, datt hien an der Wunnengsfro versot huet an datt dëst e grousse perséinlechen Echec fir hie wier.

D’Demokratesch Partei huet et sech 2013 nom Antrëtt an d’Regierung zur Aufgab gemaach fir dësen Dossier unzepaken an nei Weeër ze goen. Nieft de Wunnengen, déi eis all Joer souwisou feelen, huet Lëtzebuerg mat engem historeschen Defizit vun iwwert 32.000 Unitéiten ze kämpfen, déi dëst Land eigentlech tëschent 1985 bis 2014 gebraucht hätt, mir awer net gebaut hunn.

D’Regierung huet elo eng Partie Mesuren ergraff, déi ville Leit um Wunnmarché direkt weiderhëllefen.

  • Ugefaange mat der Steierreform, déi et jonke Leit erméiglecht e méi héije Montant vun hiren Zënsen op enger Immobilië vun de Steieren ofzesetzen. Och d’Bauspueren ass duerch d’Verduebele vum Plafong op den ofsetzbare Cotisatioune méi attraktiv ginn.
  • Leit mat méi niddregem Akommes, déi sech keng eege Wunneng leeschte kënnen an oft héich Loyere musse bezuelen, kréien duerch d’Wunngeld massiv ënnert d’Äerm gegraff. Vun dësem Wunngeld kënnen zanter dem 1. Januar iwwregens zwee Drëttel vun de Locatairen hei am Land  profitéieren.
  • De Staat mat sengen zwee ëffentleche Bauträger suergt och derfir, datt neie bezuelbare Wunnraum geschaaft gëtt. De Logementsminister Marc Hansen huet et zum Beispill fäerdeg bruecht, datt op déi fréier Industriefrichen zu Diddeleng, Péiteng, Wolz a Bieles 500 Logementer fir eng 3.500 Awunner mat iwwert 126.000 Meter carré Geschäftsflächen komme wäerten. Och um Kierchbierg an zu Ollem entstinn de Moment vill Wunnengen, déi sech och Leit mat net esou héijen Akommes leeschte kënnen.

Dëst si just e puer Beispiller fir déi sëlleche Mesuren, déi vun der Regierung ëmgesat gi sinn. De Manktem u Wunnengen ass net duerch eng eenzeg Mesure ze léisen, ma duerch d’Zesummesetze vu vill klenge Puzzelstécker. Et bleift deemno och an Zukunft nach vill ze maachen. Virun allem d’Prozedure fir ze baue suerge fir vill Misär. Et däerf net sinn, datt verschidde Projeten am Duerchschnëtt 7,5 Joer brauchen, bis datt si iwwerhaapt mol geneemegt sinn.

D’Problematik vum Logement ass am Fong séier beschriwwen. Wa méi Leit eng Wunnenge wëlle kafen, wéi datt Wunnenge gebaut ginn, da ginn d’Präisser an d’Luucht. D’Demande kréie mir just schwéier beaflosst, dofir musse mir virun allem bei der Offer Efforte maachen. Dat heescht am Kloertext: mir mussen et fäerdeg bréngen, datt méi gebaut gëtt. Wéi dat soll geschéien, do ginn d’Meenungen auserneen. D’DP ass op alle Fall dergéint, datt Terrainen expropriéiert ginn. Mir wäerten net zouloossen, datt Bierger hiren Terrain ewechgeholl kréien, deen si fir hir Kanner oder hir Enkelkanner versuergt hunn. Mir wäerten dofir an der Chamber eis Alternativen op den Dësch leeën.

 


Max Hahn

AnhangGröße
Audio Icon 20180108_tribune_libre_mhahn.mp36.96 MB