Sie sind hier

Accord mam Bistum ëmgesat

News Gemeinden Gesellschaft Verfassung, Institutionen und Demokratie Lydie Polfer

Schonn 2015 hu sech d’Regierung an de Bistum als gläichberechtegt Partner op eng nei Konventioun gëeenegt, déi d’Relatiounen tëschent dem Staat an der Kierch nei reegelt. „Dobäi kann ee kengesfalls vun enger Trennung vu Kierch a Staat schwätzen“, betount d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, „Et handelt sech vill méi ëm eng Neireegelung vum Verhältnis tëschent dem Staat an den eenzelen, unerkannte Glawensgemeinschaften zu Lëtzebuerg.“ D’Lydie Polfer huet an deem Kontext och drun erënnert, datt zanter Juli 2016 de Staat – nieft de Gehälter a Pensioune vun den aktuelle Paschtéier – all Glawensgemeinschaften eng finanziell Enveloppe zur Verfügung stellt, mat deenen si hir Aktivitéite finanzéiere kënnen. Fir d’kathoulesch Kierch maachen dat ëmmerhin 6,75 Milliounen Euro d’Joer aus.

Déi läscht Etapp bei der Ëmsetzung vun der Konventioun war also dës Woch an der Chamber. Et goung drëm fir d’Besëtzverhältnisser vun de Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg ze klären. „Mat dëser Fro huet sech och schonn en Expertegrupp beschäftegt, dee vun der viregter Regierung an dem deemolege Ressortminister François Biltgen mat engem Rapport mat Reflexiounen iwwert déi kommend Relatiounen tëschent Staat a Kierch beoptraagt gi war“, ënnersträicht d’Lydie Polfer. „An deem Rapport gëtt kloer op déi awer speziell Situatioun higewisen, datt d’Kierchefabrécke fir den Entretien vu Kierchen zoustänneg sinn, awer virun allem d’Gemengen dësen Entretien finanzéieren. Entweder well si Besëtzer vun de Kierche sinn oder well d’Kierchefabrécken net déi néideg finanziell Moyenen hunn.

Speziell ass och, datt et a ville Fäll guer net kloer war, wien iwwerhaapt Besëtzer vun enger Kierch war an ass. Datt et iwwerfälleg war, dës Onkloerheet aus der Welt ze schafen, doriwwer ass sech jiddereen eens. Dofir gouf sech an de Verhandlunge fir eng nei Konventioun och mat dëser Fro beschäftegt. Et war dunn och den Expertegrupp, dee proposéiert huet, fir d’Kierchefabrécken ofzeschafen an hir Aufgaben an d’Proprietéit vun der kathoulescher Kierch iwwert en neit Organ ze reegelen. Dozou d’Lydie Polfer: „Datt sech 2015 an der Konventioun op dës Solutioun gëeenegt gouf, ass absolut net op Drock vun der Regierung geschitt. Der Regierung ass et, wéi gesot, drëms gaangen, datt d’Besëtzverhältnisser vun de Kierchegebaier an déi finanziell Obligatioune vun de Gemenge sollte gekläert ginn. A wat fir enger Form de Bistum sech duerno organiséiert, war an ass him selwer iwwerlooss.

D’Gemengen an d’Kierchefabrécke sollten am Dialog matenee festhalen, ob eng Kierch soll d’Proprietéit vun der Gemeng bleiwen oder ginn, oder ob se an de neie Fong soll iwwergoen. Egal ob eng Kierch elo der Gemeng oder dem Fong gehéiert, kënnen an all Kierchen am Land och an Zukunft Mësse gehale ginn.

 


Lydie Polfer