Sie sind hier

Sécherheet doheem!

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Eisen Deputéierte Max Hahn huet en Dënschdeg an der Chamber den Accord vun der DP fir dat neit Gesetz iwwert d’Dampmelder ginn – e Gesetz, dat Liewe rette kann!

Vum nächste Januar u gëtt den Dampmelder domadder endlech obligatoresch zu Lëtzebuerg. D’Gesetz ass en Dënschdeg an der Chamber gestëmmt ginn. Deemno muss all Neibau mat op d‘mannst engem Logement vum nächste Joer un e Feiermelder hunn. Fir den Albau gëllt d‘Gesetz eréischt vun 2023 un.

„Eis Pompjeeën hu scho laang op dat Gesetz gewaart“, sot de Max Hahn bei den Debatten um Krautmaart. D’Flicht fir Feiermelder hätt an eisen Nopeschlänner schonn hir Effikassitéit bewisen an d’Zuel vun de Branddoudege wier erofgaangen.

Dofir huet de Max Hahn de Leit geroden: „Waart net bis et Flicht ass! Den Dampmelder rett am Fall vun enger Dampentwécklung oder engem Feier Mënscheliewen! Kee Mënsch gëtt vum Dampgeroch waakreg an nëmmen e puer Otemzich vu Kuelemonoxid kënnen Iech d’Liewe kaschten“. 

Den Inneministère huet zejoert schonn 150 000 Stéck verdeelt, fir datt d’Leit hiren Dampmelder direkt doheem installéiere kënnen. „Vill vun iech wäerten also en Dampmelder op d’Gemeng oder op den Inneministère siche gaange sinn. Mee läit en doheem am Tirang oder hutt dir e wierklech installéiert? Am Tirang notzt en Iech näischt… Mir garantéieren iech, e Feiermelder z’installéieren ass wierklech net schwéier an hëlt och net vill Zäit“, esou nach den Max Hahn.


Max Hahn