Sie sind hier

De Kader vun der Stad un hir dynamesch Entwécklung upassen

News Tribune libre Mobilität und Verkehr Patrick Goldschmidt

Léif Nolauschterer,

Den Trafic an der Stad kéint den Ament besser rullen! Däers si mer ons Alleguer bewosst.

D’Gemeng ass dofir responsabel, datt d‘Bierger an d’Betriber uerdentlech Infrastrukturen hunn. Ma esou Infrastrukture musse reegelméisseg à jour gesat ginn: Beim Kanal läit déi Frist bei all 60 bis 80 Joer, beim Gas an Elektresch bei 40 Joer a bei de Stroossen bei ronn 20 Joer. Net ze vergiessen alles ronderem Telefonie.

Dobäi kënnt, datt de wirtschaftleche Succès vun der Stad en enorme Wuesstem mat sech bréngt; souwuel u Privatleit wei och un Entreprisen.

All Dag fueren eng 200 000 Gefierer iwwert d’Haaptaxen an d’Stad eran an owes och nes eraus. Leider kréie mer déi Penetrantë net méi breet gemaach. An do dobäi hu mer elo de Riisechantier vum Tram. D.h. Chantiere vun der Stäreplaz, iwwert de Bvd Royal an d’Nei Avenue bis op d’Gare, kombinéiert mat Infrastrukturaarbechten, déi déif an de Buedem ginn.

Och wa mer relativ gutt virukommen, bréngt dat onweigerlech Misär am Trafic mat sech. Problemer, déi ni kënne ganz am viraus geplangt ginn. Mir hunn awer mat zousätzlechem Personal, mat bessere Schëlter a mat méi Informatioun op rezent Enkpäss reagéiert.

Eent vun eisen Hapt-Uleies ass et, fir d’RGTR-Bussen op der Periphérie opzefaenken. Dovir brauche mir Pôles d’Echange ronderëm d’Stad, vu wou aus d’Pendler mam städtesche Busreseau kënne méi séier an direkt op hir Aarbechtsplaz transportéiert ginn. Onse System, datt d’Busse vun iwwerall uechter d’Land riicht an den Zentrum erafueren, gëtt et soss néierens. Dat muss änneren! Soss hu mer schlecht geschafft. De Reseau vum RGTR gëtt jo den Ament ganz iwerschafft, fir méi effikass ze ginn. Do sinn och d’Gemengen an der Flicht, fir, fir besser Linnen, méi Frequenzen a fir Schnell- a Ruffbusser ze suergen.

Zesumme mam Ministère vun den Infrastrukturen a mat Luxtram hu mir alles probéiert, fir datt d’Chantieren esou séier wéi méiglech virukommen. D’Schaffzäite si verlängert ginn, och op Samsdes. Mir kënnen awer net Dag an Nuecht schaffen. Aus legalen an aus praktesche Grënn.

Léif Nolauschterer, ech géif iech gäre verzielen, datt déi Aarbechte muer fäerdeg wären. Ma dat ass net esou: dat anert Joer wäert nach eemol mat vill Efforte verbonne sinn. Fir ons Alleguerten: Foussgänger, Cyclisten, Automobilisten, den Bus an och fir de Commerce.

Ech mengen awer, datt et d’Méi derwäert ass, fir de Kader vun der Stad un hir dynamesch Entwécklung unzepassen.

D’Stad an zemol d’Gare wäerten nom Enn vun all dësen Aarbechten en anert, nach méi flott Gesiicht hunn. Dat ass onsen Engagement!

 


Patrick Goldschmidt

AnhangGröße
Audio Icon 20191118_tl_pgoldschmidt.mp34.36 MB