Sie sind hier

Kreativwirtschaft zu Lëtzebuerg

News Arbeit Wirtschaft André Bauler

De liberalen Deputéierten André Bauler ass den Dënschden a senger Question élargie un den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op d’Roll vum kreativen a kulturelle Secteur fir d’Wirtschaft hei am Land agaangen. An dësem villfältege Beräich – e geet vun Architektur a Konscht iwwert d’Entwécklung vu Videospiller bis hin zu Marketing, Kommunikatioun an den digitale Medien – sinn effektiv bal 7000 Leit ugestallt, respektiv 2% vun der nationaler Aarbechtskraaft. Mat engem Ëmsaz vun 390 Milliounen am Joer stellt dës Branche also e wichtegen Aspekt vun der Lëtzebuerger Wirtschaft duer. Aus dësem Grond wollt den André Bauler méi detailléiert Informatiounen dozou vum Minister wëssen, besonnesch och wat d’Chancen betrëfft eng Plaz ze fanne an den Encadrement vun der Adem, ob do dëse Secteur iwwerhaapt als solchen erfaasst gëtt.

De Nicolas Schmit huet a senger Äntwert erkläert, dass d’Kreativwirtschaft zu Lëtzebuerg am internationale Verglach méi eng wichteg Roll anhëlt ewéi an anere Länner, an huet ze bedenke ginn, dass de Secteur doriwwer eraus Aarbechtsplazen an anere Beräicher schaaft. Insgesamt kéint ee feststellen, dass den Undeel vun Independanten am Secteur mat 20% méi héich wéi an der allgemenger Wirtschaft (10%) läit, a virun allem héichqualifizéiert Leit unzitt. Op der Adem géif dëse Secteur natierlech erfaasst ginn, an d’Zuele géife weisen, dass bal grad souvill Leit eng Aarbecht an deem Beräich sichen, ewéi et Plaze gëtt. Den Aarbechtsmaart wier also an där Branche an engem gudde Gläichgewiicht.

Ofschléissend huet den Aarbechtsminister nach d’Potenzial vun den neien Technologië besonnesch fir dëse Secteur ënnerstrach. Och déi „creative hubs“, ewéi den 1535° zu Déifferdeng, déi e kreativen Austausch tëschen den eenzelen Acteuren erméiglechen, géifen eng wichteg Roll spillen. D’Regierung wéilt an deem Beräich den Ausbau vun den aktuelle Kapassitéiten op alle Fall ënnerstëtzen.

Question élargie vum André Bauler

 


André Bauler