Sie sind hier

D’Simone Beissel zu Europa: Politesch Léisunge sichen duerch fair a konstruktiv Verhandlungen an duerch stabil Accorden

News Europawahlen Tribune libre Justiz und Sicherheit Simone Beissel

„Politik ass kee Spill! Wann ech kucken, wat an Europa mee och an der Weltpolitik lass ass, dann ass dee Constat nach ëmmer richteg.

De Multilateralismus an déi transatlantesch Partnerschaft, déi säit 70 Joer fir eis Sécherheet a Prosperitéit gesuergt hunn, sinn opgekënnegt oder op d’mannst geschwächt ginn!

An der EU, also „intra muros“, rumouert et ferme, mat dem onsägleche Brexit-Drama.

Doniewent pervertéiere Populisten an Ultranationalisten déi europäesch Iddi an europäesch Strukturen! Spannungen a Rëss sinn entstanen!

Politik ass kee Spill!

Léisunge sichen, gëtt ëmmer méi komplizéiert. Mee mir musse Léisungen zesumme sichen an dat geet net duerch simplistesch Sloganen, déi d’EU-Skeptiker Dag fir Dag vu sech ginn, esou komme mer net virun.

Lëtzebuerg als Grënnungsmember vun der EU sicht ëmmer no Léisungen am Konsens: duerch fair a konstruktiv Verhandlungen an duerch stabil Accorden.

Vu, datt d’Nato duerch US-„America first“ och den Ament geschwächt ass, gëtt et héich Zäit, datt d’EU selwer fir hir intern Sécherheet a hir extern Verdeedegung suergt. Mir hu jo elo déi nei „politique européenne de sécurité et de défense commune“. Et gëtt och héich Zäit, an dat leeft jo schonn, datt Europa seng Attitüd vis-à-vis vu China, mee och vis-à-vis vu Russland iwwerdenkt, revidéiert an Annäherung sicht.

D’DP steet zu der neier EU-Sécherheetspolitik an d’DP refuséiert all populistesch Provokatiounen, well fir eis ass d’Europapolitik ganz seriö.

Nëmmen zesummen a engem staarken Europa kënne mir eis intern Sécherheet a eis extern Verdeedegung garantéieren. Do dru muss konstant geschafft ginn.

Wann et der EU gutt geet, geet et Lëtzebuerg gutt.

Dovunner ass d’DP iwwerzeegt.

Dofir steet eis Lëscht Nummer 1, mat aussepolitesch erfuerene Kandidate plus héichmotivéierten, jonke Politiker.

Simone Beissel.

Europakandidatin, Deputéiert a Stater Schäffen.

 


Simone Beissel