Sie sind hier

Aféierung vum Cours „Vie et Société“

News Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Nodeems d’lescht Joer de Vieso am Lycée agefouert ginn ass, ginn d’Reliouns- an d’Moralcoursen elo och an der Grondschoul duerch en eenheetleche Cours ersat.

Vieso 

Fir de Rapporter vum Gesetz, den DP-Deputéierte Lex Delles, wier et wichteg, datt an eiser multikultureller a plurireliéiser Gesellschaft d’ëffentlech Schoul a punkto Glawen neutral ass. Datt also kee Schüler géing  dowéint  benodeelegt oder bevirdeelegt ginn, esou wéi et onser Gesellschaft vun haut entsprécht.

Och fir den Deputéierte Claude Lamberty sollen d’Schüler net a verschidde Klassesäll opdeelt ginn, wann et ëm  essentiell Liewensfroe geet. D’ëffentlech Schoul sollt villméi Raum fir den Dialog schafen. „Fir d’Demokratesch Partei huet eng ëffentlech Schoul d’Aufgab eng Plaz fir den Dialog ze schafen, d’Kanner zesumme ze féieren, fir datt si kënne vuneneen a matenee léieren, amplaz se a wichtege Gesellschaftsfroe wéinst ënnerschiddlechen Usiichten ze trennen“, esou de Claude Lamberty. 

Reprise vum Personal

Deen nämmlechten Nomëtte gouf och déi gesetzlech Basis geschaf fir d’Personal, dat bis elo d’Reliounscoursen an der Grondschoul gehalen huet, z’iwwerhuelen an op nei Posten z’affektéieren.

Der Regierung goung et net drëms, deene betraffenen Enseignanten - déi villäicht schon zanter Joerzéngte mat vill Häerzblutt an Iwwerzeegung Reliounscourse gehalen hunn - den Teppech ënnert de Féiss ewech ze zeien. Et war der Regierung vun Ufank u wichteg, fir de betraffenen Enseignanten a Chargés de cours eng korrekt a fair Offer ze bidden. An ech mengen datt ass och geschitt“,  esou den Deputéierte Lex Delles.

view video on chd.lu

view video on chd.lu


Lex Delles

Claude Lamberty