Sie sind hier

Net verschreiwungsflichteg Medikamenter online bestellen

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens

Geschwënn kann een zu Lëtzebuerg net verschreiwungsflichteg Medikamenter online bestellen. Fir d’DP huet den Deputéierten a Medeziner Edy Mertens am Plenum Stellung geholl. Aus eegener Erfahrung weess hien, ewéi geféierlech Medikamenter kenne sinn, wann een se schléckt ewéi Kamellen.

Egal ob batter Pëllen oder séiss Siropen, ob verschréiwungspflichteg oder net, all Medikament hätt Indikatiounen a Konterindicatiounen, op déi ee muss oppassen an déi sech vu Persoun zu Persoun ënnerscheeden.

„Ech hat a menger Praxis nämlech schonn oft Patienten, bei deenen ech mech gefrot hunn, ob se scho wierklech krank waren oder eréischt richteg duerch falsch Medikamenter krank gi sinn˝, esou den Edy Mertens.

Duerch déi vill Konditiounen, déi ee misst erfëllen, fënnt den Edy Mertens awer datt d’Regierung a Saachen Online-Verkaf de richtege Kompromëss fonnt hätt, tëschent op der enger Säit de Marché opmaachen an op der anerer Säit dës Ouverture strikt zum Wuel vum Patient ze reglementéieren.

 

view video on chd.lu


Ried vum Edy Mertens

 


Edy Mertens