Sie sind hier

D’Demokratesch Partei wäert sech weiderhi fir déi Demokratesch Wäerter an Europa asetzen

News Außenpolitik Gusty Graas

Déi westlech Iddie vu Solidaritéit, Toleranz a fräier Maartwirtschaft sinn hautzedaags an der EU leider keng Selbstverständlechkeet méi.

De Brexit ass kee Wonschconcert

Et kënnen net méi déi Placke gespillt ginn, déi d’Madame May wëll“, esou de Gusty Graas. Hie betount och dass et vu grousser Wichtegkeet ass, dass d'Chamber enk mat an de Brexit agebonne gëtt, fir d'Interesse vum Lëtzebuerger Land beschtméiglech ze vertrieden. Et sief gesot, dass an noer Zukunft, keng einfach Deeg op d'EU an d'Chamber duer komme wäerte wat de Brexit ugeet.

Stabilitéit an Däitschland ass wichteg fir eis

Dass no 171 Deeg Regierung an Däitschland endlech vereedegt gouf ass positiv, och wann d’Demokratesch Partei sech eng aner Regierung gewënscht hätt. Neiwahlen oder eng Minoritéitsregierung wier net nëmmen eng Katastrophe fir Däitschland mee och fir ganz Europa gewiercht.

Mir brauchen zousätzlech Efforte bei der Immigratioun

Wann een sech d’Resultater lëschte Sonndeg an Italien ukuckt, ass et nawell erschreckend dass all zweeten aus dësem sympathesche Land sech vu populisteschen Aussoen ustieche gelooss huet. Wann een dann op d’Grënn vun dëse Wahlresultater ze schwätze kënnt muss ee ganz kloer d’Problematik vun der Immigratioun uschwätzen. An der Immigratioun Thematik muss een zousätzlech Efforte maachen. De Süd-Deputéierten ënnersträicht dass d’Aarbecht vun de Schlepper nach vill méi staark muss bekämpft ginn.

„D’Demokratesch Partei läit an engem vereenegten Europa a wäert sech an Zukunft och weiderhi verstäerkt fir déi Demokratesch Wäerter asetzen a sech an déi éischt Rei stelle fir deene rietse Stréim entgéintzetrieden.“

Géint Importsteieren

Et ass ze bedaueren dass de Moment keng eenheetlech Positioun zum Handelskrich mat Amerika vun der EU ze gesinn ass. D’USA hate schonn eemol Importsteieren agefouert, mä dat huet éischter den europäesche Faschismus ugefeiert wéi hir national Ekonomie. „Wien dëst vergiess huet, sollt eemol an d’Geschichtsbicher nokucke goen“, esou de Gusty Graas.

D’DP ënnerstëtzt all Efforten déi zum Fridde bäidroen

Op der koreanescher Hallefinsel gesäit et sou aus wéi wann d'Äis ëmmer méi kleng gëtt, an dat am positive Sënn“, esou de Gusty Graas. Dialogbereetschaft vu souwuel den Nordkoreaner wéi och den Amerikaner ass positiv ze gesinn, an awer soll een och net ze vill Euphoresch sinn.

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas