Sie sind hier

Interpellatioun zum Aarbechtsmarché

News Arbeit André Bauler

Den DP-Deputéierten André Bauler huet an der Chamber déi gutt Aarbecht an de läschte Méint gelueft, déi d’Regierung an d’Reform an d’Restrukturatioun vun der ADEM investéiert huet. D’Chômagezuele gi lues awer sécher erof, an awer läit nach vill Aarbecht virun eis. Esou rappeléiert den André Bauler eng vu ville laangjäregen DP Positiounen zu ADEM: „Mir brauche keng administrativ Gestioun vum Chômage, mä eng Aktivéierung vun de Chômeuren. Chômeuren, dat si keng plakeg Zuelen an och keng stereotyp Dossieren, et si Mënschen, déi eng aktiv Begleedung an Hëllefleeschtung brauchen.“

Virun allem d’Schoulpolitik ass dem André Bauler no wichteg, fir eis Kanner beschtméiglechst op hir Zukunft ze präparéieren an esou dem Chômage virzebeugen. Hei ass et virun allem den Educatiounsminister Claude Meisch dee vill Luef verdéngt huet. Virun allem an de Beräicher vun der Orientatioun, der Kannerbetreiung an der formation professionnelle gëtt un de richtegen Hiewelen ugesat.

Weider Informatiounen

Ried vum André Bauler [méi...]

André Bauler