Sie sind hier

Besser geschützt bei Kaf vu Pauschalreesen

News Tourismus Simone Beissel

Wéi déi éischt Direktive 1990 de Schutz vun de Voyageure beim Kaf vun enger Pauschalrees gereegelt huet, den Internet nach an de Kannerschong stoung a jidderee an de Reesbüro vu sengem Vertraue gaangen ass wann e wollt eng Rees buchen“, esou d’DP Deputéiert Simone Beissel op der Chamberstribüne. Well haut bis zu 80% vun de Reesen online gebucht ginn ass et absolut noutwenneg eis national Legislatioun un den digitalen Zäitalter unzepassen.

Wichteg fir de Konsument ass, datt hie genau Bescheed wäert wësse wie Responsabel ass fir seng gebuchte Rees, egal ob en dës an engem Reesbüro oder um Internet bestallt huet.
Simone Beissel, DP-Deputéiert

 


Simone Beissel