Sie sind hier

Wuesstemsdebatt ass och eng Standuertdebatt

News Lag vun der Natioun Wirtschaft André Bauler

Am Kader vun den Debatten iwwert d’Lag vun der Natioun huet den DP-Deputéierten André Bauler zum Volet „Economie et Compétitivité“ fir d’Demokratesch Partei Stellung geholl.

Wuesstem ass kee Selbstzweck

Hien huet viraus präziséiert, datt de Wuesstem u sech kee Selbstzweck ka sinn. „De Wuesstem däerf kee gëllent Kallef sinn ronderëm dat mer danzen. Wuesstem muss Sënn maachen. E muss d’Liewesqualitéit an d’Aarbechtsbedingunge vun de Leit verbesseren. E muss technologesch Verännerungen erbäiféieren, déi eise Wirtschaftssystem sou ëmbauen, datt e manner Ressourcë verbraucht an d’Ëmwelt net nach weider belaascht. Jo, da mécht de Wuesstem Sënn!“, esou den Nord-Deputéierten. Fir datt dat méiglech ass, musse Mëttel a Weeër fonnt gi fir dëse Wuesstem a geuerdent Bunnen ze féieren.

Standuertfro ass elementar

De sou genannte Rifkin-Prozess beschäftegt sech mat de Konsequenze vun der digitaler Revolutioun. Dat ass sécherlech een noutwendegen Exercice. Dem André Bauler no muss dës prospektiv Analyse ëm de Volet vum Standuert a senger Entwécklung erweidert ginn. „Ech ginn esouguer sou wäit ze soen, datt mer eng formaliséiert Plattform bräichten, déi ënner wëssenschaftlecher Begleedung eng stänneg Analyse vun eise Standuertvirdeeler géif maachen“, fuerdert den André Bauler. An esou engem Gremium kéinten d’Risiken an d’Opportunitéite festgestallt ginn an eventuell Optimiséierungen an Adaptatioune virgeschloe ginn! „Ech fannen, dass d’Standuertfro, esou eng elementar Fro fir eis Ekonomie ass, datt ee konkret iwwert d’Schafe vun esou enger Plattform misst nodenken!“, esou den DP-Deputéierten ofschléissend.

 

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 


André Bauler