Sie sind hier

Wann aus Geräisch Kaméidi gëtt: en Aktiounsplang fir méi Liewensqualitéit

News Tribune libre Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Léif Nolauschteren,

Geräischer gehéieren zum Liewen derzou, d'Gesangs vu Schmuewelen déi elo aus dem Süden zréck kommen, déi gemitterlech Musik an engem Café...mä wann aus Geräisch Kaméidi gëtt, da kann et souguer fir de Mënsch geféierlech ginn. Wann een dauerhaft dem Kaméidi ausgesat ass, kann een genervt sinn, et kann awer och zu Schloofstéierungen oder esouguer zu eeschte gesondheetleche Problemer féieren. Dacks sinn den Autosverkéier an den Zuchtransport den Ursprong vum Kaméidi, 2 Phänomener, déi eis an de kommende Joere sécherlech ëmmer méi beschäftege wäerten.

Dofir sinn ech frou, dass d'Regierung sech dësen Dossier ugeholl huet an en Aktiounsplang fir méi Liewensqualitéit op d'Been gestallt huet. Grad de Kaméidi op de grousse Verkéiersaxen an op den Zuchstrecke soll reduzéiert ginn. Besonnesch am Süde wäerten do elo  Aarbechten ulafen. Esou gëtt d'Autobunn A3 zu Beetebuerg, d'A4 zu Esch-Lalleng an den Echangeur Diddeleng-Biermereng méi duerch Schallschutzmoossnamen méi roueg gemaach. Net manner wichteg sinn d'Mesuren op der Zuchstreck zu Schëffleng an zu Bierchem.

Natierlech mussen och an eiser Haaptstad verschidde Mesurë geholl ginn. Ech denken hei zum Beispill un den Tram, dee an Zulunft vill Bustraffic an Zukunft kann aus der Stad eraus halen. De Contournement vun Zéisseng an den Echangeur op der Hëlfenterbréck sinn aner Plaze, wou de Kaméidi vum Stroosseverkéier agedämmt wäert ginn.

Jo, e Contournement kann eng ganz nëtzlech Manéier sinn, fir de Kaméidi net grad do ze hunn wou d'Leit wunnen. Ech denken hei natierlech un de Contournement vu Käerjeng, en Dossier an deem jo elo no laangem Hin an Hir eng Variant festgehale gouf. Dat ass absolut ze begréissen. Et mécht awer nëmme Sënn, wann dëst Konzept och komplett duerchduecht gëtt: wann den Traffik vun enger Uertschaft an déi aner geleet gëtt, dann ass a Punkto Mobilitéit a Kaméidi net vill geschafft ginn! Dofir muss och e Contournement vun Dippech kommen, net dass dës Bierger duerno d'Verléiere vum Käerjenger Projet sinn! Mir sollten e kohärente Projet op den Dësch leeën, dee laangfristeg ugeluecht ass.

Nierwt dem Staat, sinn awer och d'Gemenge kënnen sech asetze fir de Kaméidi ze begrenzen. Duerch eng Zone 30 zum Beispill gëtt den Traffik reduzéiert, et entsteet manner Kaméidi a manner Loftverschmotzung, an zwar genau do wou d'Awunner doheem entspane wëllen. Duerch Emgehungsstroßen oder Unterführungen kann een de Verkéier méi flësseg gestalten, esou dass een net virun enger Barrière waarde muss.

Wann ech zum Beispill d'Situatioun ronderëm d’Dippecher Gare gesinn, wou d’Awunnen Daag an Nuecht dem Kaméidi an den Oofgaasen vun den Autoen ausgesaat sinn, déi bei der Barrière stinn, da gëtt d'Thematik Kaméidi a Loftqualitéit ganz konkret. An dëssen Dossier kënt elo jo engdlech Beweegung.

Eng weider Pist ass d'Konzept vun engem „shared space“, vun enger Plaz am Zentrum vum Duerf wou d'Foussgänger mol eng Kéier Virfaart hunn. D'Gemeng Bartreng huet et virgemaach, an et klappt! Den Traffik geet zeréck, d'Autosfuerer huele Rücksicht op d'Foussgänger an et gëtt kee Stau.

Léif Nolauschteren, an eiser schneller a globaliséierter Welt, wäert d'Thema vum Kaméidi bestëmmt net manner wichteg ginn. Fir dass et och an Zukunft   bei de Geräischer bleift, an net an de Kaméidi ausaart, ass et wichteg elo scho präventiv ze schaffen an esou eis geschätzte Liewensqualitéit ze erhalen.

 


Max Hahn

AnhangGröße
Audio Icon 20170227_mhahn_tribune_libre.mp36.73 MB