Sie sind hier

Prisonéier solle besser resozialiséiert ginn

News Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Nodeems et an de leschte Wochen e puer Mol zu Kritike vum Personal a vun de Prisonéier komm ass, huet d’Chamber zwee nei Gesetzer gestëmmt, déi dëse Kritiken deels Rechnung droen. Mat 115 Prisonéier op 100.000 Awunner läit Lëtzebuerg zwar ënnert der EU-Moyenne vun 127 Prisonéier op 100.000 Awunner an awer stéisst ee mat den aktuellen Infrastrukturen u seng Limitten. „Dëse Problem gi mir vun zwou Säiten un. Éischtens soll de neie Prisong um Uerschterhaff esou séier wéi méiglech fäerdeg gebaut ginn an zweetens sollen iwwerhaapt manner Leit an de Prisong musse geschéckt ginn“, esou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

Fir dat ze erreechen, sinn eng ganz Rei gesetzlech Ännerunge gemaach ginn. Ënnert anerem soll méi op Sursis an elektronesch Foussfesselen zréckgegraff ginn. „Genau sou wichteg ass et awer, datt d’Mënschen, déi schonn am Prisong setzen, besser resozialiséiert ginn, wa si erëm op fräie Fouss kommen“, seet den Eugène Berger, „Een Drëttel bis zur Halschent vun all de Prisonéier an Europa gi réckfälleg a landen no hirer Fräiloossung fréier oder spéider erëm am Prisong. Dat gëllt et zu Lëtzebuerg mat alle Mëttel ze verhënneren. Eng wichteg Hëllefsstellung soll hei de neien « plan volontaire d’insertion » leeschten.“

D’Personal vum Prisong kritt elo och eng eege Verwaltung an d’Prisonéier kënne virun der neier Chambre d’application des Peines géint hir Haftbedéngungen a Recours goen.

 


Eugène Berger