Sie sind hier

Paräiser Klimaaccord: Vum Verspriechen zu enger konkreter Verflichtung

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Nodeems 195 Länner sech am Dezember d'lescht Joer zu Paräis dorobber gëeenegt haten, gemeinsam géint den Klimawandel vir ze goen, huet d'Chamber an senger 1. Sëtzung no der Rentrée de Paräiser Klimaaccord ouni Géigestëmm ratifizéiert. 

Den DP-Spriecher Max Hahn huet an deem Kontext vun engem grousse Moment geschwat:  „Haut ass den Dag wou mir aus dem Versprieche vu Paräis eng konkret national Verflichtung maachen. Ech well guer net op déi vill Enttäuschunge vun den Joere virdrun agoen, wou aus nationalen Egoismen eraus d'Mënschheet amgaange war, hiert eegent Graf ze schëppen. Well wat zielt ass, dass Paräis eis net nëmmen nei Hoffnung ginn huet, mee Paräis huet eis Erwaardungen iwwertraff. D'ganz Welt huet zu Paräis decidéiert seng eege CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Dat ass en eemolegt Resultat.“

Den DP-Spriecher huet awer och d'Regierung fir hiren Asaz während der Lëtzebuerg EU-Presidence gelueft, an där d'Paräiser Ofkommes zustan komm ass. 

Ratifizéierung a Rekordtempo

Ervirzehiewen ass gläichermoossen, datt d'Ratifizéierung vum Paräiser Accord weltwäit an engem Rekordtempo statt fënnt. Als Verglach: tëschent dem Verhandlungsresultat an dem Akraafttriede vum Kyoto-Ofkommes louche ganzer 8 Joeren. Do dergéint, wäert den Accord vu Paräis a manner ewéi engem Joer no de Verhandlungen a Kraaft trieden. Och datt  Haptemissiounslänner wéi d’USA, China, Indien a Brasilien scho ratifizéiert, weist ewéi serieux d'Zil vun der Reduzéierung vun den Zäregas-Emissioune geholl gëtt. Et ass effektiv kee Geheimnis, datt dës Länner an der Vergaangenheet éischter op der Brems stoungen, wann et dorëmmer gaangen ass, Klimaziler festzeleeën.  

Dréipunkt an der weltwäiter Klimapolitik

Obwuel de Max Hahn iwwerzeegt ass, datt dësen Traité an der Geschicht als Dréipunkt an der weltwäiter Klimapolitik ageet, erënnert hien awer och dorunner, datt d'Aarbecht eigentlech eréischt virun eis läit: „Jo, Lëtzebuerg bekennt haut Faarf am Klimaschutz. An maache mir eis näischt vir et sti grouss Défi'en viru Lëtzebuerg, Europa an der Welt.“

Grad esou wichteg ass et elo awer och, datt Europa, wat sech jo op en gemeinsamt Zil vu 40% gëeenegt huet elo seng national Egoismen iwwerwënnt, fir sech eenz ze ginn, wéi dëst Zil zesummen erreecht ka ginn.  

Den Ufank vum Enn vun de fossillen Energien

Den DP-Spriecher huet awer och den Kritiker Recht ginn, déi froe firwat d'Obligatioune vum Klimaaccord eréischt 2020 ufänken:„Mir hunn eigentlech keng Zäit ze verléieren, 2015 war historesch gesinn dat wäermste Joer, dat jeemools opgezeechent ginn ass. 2016, do sinn sech d'Experten eenz, wäert dat nach iwwerbidde. Leider war zu Paräis e fréieren Zäitpunkt net dran.“

Den Accord heescht och fir Lëtzebuerg den Ufank vum Enn vun de fossillen Energien. An och wann dat den Ament nach schwéier virstellbar wier, weist de Max Hahn dorobber hinn, datt mëttel- a laangfristeg Mentalitéite musse changéiert, Geschäftsmodeller ugepasst an en Ëmklammen op alternativ klimafrëndlech Modeller méi staark encouragéiert ginn. Hien huet och dorobber insistéiert, datt Lëtzebuerg nëmmen seng Obligatioune pake kann, wann et geléngt, d'Leit mat op dëse Wee ze huelen.

Zum Ofschloss sot de Max Hahn: „Dësen Accord ass nëmmen en Ufank, mir wäerten an der Weltgemeinschaft sécher nach deen een oder anere Réckschlag mussen astiechen, déi eng oder aner Enttäuschung erliewen an vill Schweess an Ustrengunge sti virun eis. Ech mengen, datt wësse mir all! An awer solle mir dëse Moment feieren, well d'Welt huet sech Grousses virgeholl an haut sëtze mir Lëtzebuerger d'Ofkommes fir eist Land a Kraaft. Pake mir et all zesummen un!“

 

view video on chd.lu


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn