Sie sind hier

5-Joresplang vum Sport: No sports! war gëscht, More sports! dat ass d’Zil vu muer.

News Sport und Freizeit Claude Lamberty Lex Delles

Dat ass e finanzielle Plus, deen de Claude Lamberty och positiv bei de Chamberdebatten iwwer d’Gesetz ervirgestrach huet.

Besonnesch gefält dem DP-Spriecher awer de Projet vu Bewegungsraim, déi an Zukunft sollen no an no an d’Schoul- an an d’Betreiungsstrukture vun de Gemenge kommen. En Iddi, déi d’DP speziell ënnerstëtzt, well d’Kanner an déi Jugendlech esou Raimlechkeete kréien, an deenen se sech fräi beweegen a spille kënnen, ouni, datt en Erwuessenen hinnen zevill op d’Féiss trëppelt. Fir de Claude Lamberty eng Super-Saach, déi onse Kanner wäert vill Freed maachen an hinnen och zousätzlecht Selbstvertrauen a sech an an hire Kierper gëtt. Ganz einfach Spaass ze hunn mat hire Kollegen an un der Beweegung... all Cent, dee mer haut an déi kierperlech Aktivitéit vun de jonke Generatiounen investéieren, ass och eng Virsuerg fir d’Gesondheet vun den Erwuessene vu muer.

De Claude Lamberty huet awer Doleance vun der DP widderholl. Z.B. fir méi Ënnerstëtzung vum Benevolat am Sport an eng Professionaliséierung vun de Federatiounen.

An da war et nach e Clin d'œil vum DP-Generalsekretär, datt verschidde Synergien zu Munneref et elo erlaben, datt de Vëlodrome endlech Realitéit an der Gemeng vum DP-Buergermeeschter Lex Delles ka ginn…

 


Claude Lamberty

Lex Delles