Sie sind hier

PK vun der DP: Mir investéieren an d’Zukunft vun de Mënschen!

News Bildung Familie Finanzen Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Corinne Cahen

D’DP huet dofir gesuergt, datt d’Staatsfinanzen zu Lëtzebuerg nees an der Riicht sinn. „An dofir wëlle mir de Mënschen hei am Land och méi Sue loossen, méi Zäit ginn a méi Liewensqualitéit bidden“, esou eis Parteipresidentin Corinne Cahen de Mëtteg op enger Pressekonferenz vun der DP.

Fir d’DP wier et nëmmen normal, datt d’Leit manner Steiere bezuelen, wann et dem Land finanziell gutt geet: „Mir hunn de Spillraum fir weider, cibléiert Steiererliichterungen ze maachen, sief et z.B. bei de Monoparentauxen oder bei de Mëttelschichten“.

An engems misst eng Diskussioun iwwert de Steiersystem gefouert ginn. D’DP wëll do, datt d’Kanner berécksiichtegt ginn, an net op wéi eng Manéier eng Koppel mat hire Kanner zesumme lieft. D’DP plaidéiert duerfir fir weider a Richtung vun enger Individualiséierung vun der Besteierung ze goen.

En éischte Schrack ass jo scho mat der optionaler Individualiséierung gemaach ginn. An der nächster Legislaturperiod misst do e Schrack nokommen. An zwar ouni, datt Leit, déi am aktuelle System sinn, eppes verléieren. Dat wier dann och déi eenzeg gerecht Léisung, fir Zréckstufunge bei Wittleit oder bei enger Scheedung ze verhënneren, esou d’Corinne Cahen.

Well d’DP an d’Zukunft vun de Mënschen investéiere wëll, begréisst si natierlech dat neit Gehälterofkommes an der Fonction publique, wou d’DP mat hirer Propos fir d’Stagezäit ze kierzen, de Ball am Fong un d’Rulle bruecht hätt.

Eise Generalsekretär Lamberty Claude iwwerdeems huet sech fir eng attraktiv an effikass, ëffentlech Verwaltung ausgeschwat, wou d’Leit esou gutt ewéi méiglech preparéiert ginn.

An deem Sënn wëll d’DP den INAP (Institut national d’administration publique) reforméieren. Doriwwer eraus soll d’Weiderbildung zu engem feste Bestanddeel vun der Beamtecarrière ginn. De Life long learning wier d’Viraussetzung dofir, datt d’Beamten um neiste Kenntnisstand sinn, wouvun um Endeffekt d’Beamte selwer, d’Administratioun an natierlech d’Bierger profitéiere géingen.

D’DP schléit och d’Schafe vun enger Ecole d’administration vir, an där d’Kandidaten no der Première op hir Carrière beim Staat virbereet ginn.

„D’DP trëtt am Oktober un, fir d’Zukunft op Lëtzebuergesch konkret mat ze gestalten. Mam kloren Zil fir an de Mënsch z’investéieren“, esou de Claude Lamberty.

An der Suite vun der familljefrëndlecher Familljepolitik wëll d’DP och d’Weiderentwécklung vum Congé parental.

Dëse Congé parental PLUS, sollen d’Eltere kënnen nom normale Congé parental vu bis elo huelen. De CP PLUS gëtt net remuneréiert, ma de Staat soll an deem Fall déi ganz Cotisatioune fir d’Pensioun a fir d’Krankeversécherung iwwerhuelen. Entweder bis zu 18 Méint bei enger ganzer Tâche oder bis zu 36 Méint bei enger hallwer.

De CP PLUS ka vun engem Elterendeel geholl ginn oder tëschent Mamm a Papp opgedeelt ginn. Déi ganz Zäit iwwer géing deen Ament eng Jobgarantie gëllen.

Di ëffentlech Hand kéim an dësem Modell dem Patron entgéint, andeems d’Allgemengheet déi sozial Charge fir déi Persoun iwwerhëlt, déi d’Mamm oder de Papp eventuell déi Zäit op der Aarbecht ersetzt. D’DP wëll déi genee Modalitéiten – esou wéi scho beim CP – am Konsens mat de Sozialpartner ausschaffen, huet ons Presidentin Corinne Cahen festgehalen.

Weider Informatiounen

  • Sehr ambitioniertes Wahlprogramm (Journal) [méi...]
  • DP will Elternurlaub plus einführen (Wort) [méi...]

 

 


Corinne Cahen

Claude Lamberty