Sie sind hier

Klimawiessel a Steierreform

News Tribune libre Finanzen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Eugène Berger

Léif Nolauschterer,

De Klimawiessel an d’Steierreform waren d’Haaptpunkten, déi eise Premier Xavier Bettel a sengem Etat de la Nation ugeschwat huet.

Zwee Themen, déi mat villen anere Chantieren an eiser Gesellschaft verknäppt sinn. De Premier huet hei di richteg Constate gemaach, mee net nëmmen dat, hien huet och déi richteg Léisungsvirschléi skizzéiert.

Eis ambitiéis Ziler am Klimaschutz si mat déifgräifenden, politeschen Decisioune verbonnen: D’DP seet awer genee esou kloer, datt eng effikass Klimapolitik just ka mat de Mënsche gemaach ginn an net géint d’Mënschen. Dat heescht, datt ee virun allem muss Ureizer schaffen, fir d'Léit mat op dee Wee ze huelen. En éischt Beispill ass de gratis ëffentlechen Transport. An der kommender Steierreform musse fiskal Ureizer fir weider sozial gerecht Ëmweltmesuren agebaut ginn.

Desweidere wäerte mir awer och de Fonctionnement vum ëffentlechen Transport verbesseren: Bussen an Zich musse propper an acceuillant sinn, mat Zäit ukommen a fortfueren… d’Informatiounspolitik an d’Sécherheet mussen op der Héicht sinn.

Mir wëllen den Auto awer net verdäiwelen, well mer wëssen, datt vill Leit op hien ugewise sinn. Déi Mënsche wëlle mer net bestrofen, ma hinnen eng besser Offer mam Zuch a mam Bus ubidden. Et kënnt op de richteg Mix un. Ma och Initiative wéi den Télétravail, kënnen hëllefen, fir de Stroosseverkéier ze entlaaschten a manner CO2-Emissiounen an d’Loft ze blosen.

Léif Nolauschterer,

Zu Lëtzebuerg sti mer eis am Verglach – och mat eisen direkten Noperen an der EU gutt: Niddrege Jugendchômage, de Mindestloun dee rezent nach erhéicht gouf, d’Ofsécherung vum,Pensiounswiesen ass garantéiert, héich Sozialleeschtungen, gesond Staatsfinanzen a villes méi.

Lëtzebuerg steet also gutt do, an dat soll esou virugoen: Fir d’DP steet dofir an Zukunft eng nach méi gerecht Sozialpolitik am Virdergrond.

Dat gutt wirtschaftlecht Ëmfeld an déi gesond Staatsfinanze vun eisem Land si also kee Selbstzweck, ma si hëllefen eis, fir d’Investitiounen an d’Sozialleeschtungen héichzehalen.

Eng absolut Prioritéit fir d’DP ass déi nei Steierreform, déi eise System soll duerch d’Individualiséierung moderniséieren a gläichzäiteg méi gerecht maachen. An Zukunft soll een onofhängeg vum Zivilstand – op bestuet, gepacst oder Jonggesell – d'selwecht besteiert ginn. Duerch eng eenheetlech Steierklass wäert den nodréigleche Reklassement vun de Witfraen- a -Männer dann och ewechfalen. Grad esou kloer ass, datt bestuete Koppelen näischt sollen am Verglach mat haut verléieren. An dem Finanzministär sinn d'Spezialisten am Gaang, fir hei déi noutwenneg Adaptatiounen auszeschaffen.

Datt et Lëtzebuerg a senge Bierger och an Zukunft gutt geet, dat ass déi Politik, fir déi d’DP sech all Dag asetzt.

 


Eugène Berger

AnhangGröße
Audio Icon 201091014_tl_eberger.mp35.16 MB