Sie sind hier

Wunnraum schaafen

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Schued dass et keen Zauberstaf gëtt mat deem ee vun haut op muer Wunnraum schafe kann! Ech si keen Hexemeeschter, an ech mengen dat ass och net néideg, well ech sinn iwwerzeegt, dass dës Regierung gutt Pistë verfollegt. Well ech nëmmen 3 Minutten hunn, zielen ech just 3 Mesuren op, hätt ech 17 Minutten, kéint ech iech der och 17 nennen.

Ugefange mam Baulückenprogramm, en zahnlosen Tiger deen elo mat der Steierreform Zänn kritt huet! Ech erkläre mech: hei am Land hu mer 995 Hektar Baulücken, also Terrain'en déi am Bauperimeter léien, déi un déi bestehend Infrastrukturen ugeschloss sinn an deemno prett sinn fir bebaut ze ginn.

82% vun dësen Terrain’en sinn a Privatbesëtz. Duerch d'Steierreform ginn  elo zäitlech limitéiert finanziell Ureizer geschaf fir dës Terrain’en ze mobiliséieren. Tëscht dem 1. Juli 2016 an dem 31. Dezember 2017 gëtt  d'Plus-value vun dësen Terrain'en nämlech nëmmen zu engem Véirel, an net wéi normalerweis op d'Halschent, besteiert. Dat sinn dem Tiger seng Zänn, an  dëst sollt d'Offer u Wunnraum spierbar dynamiséieren.

Nieft dem Baulückenprogramm setzt d’Regierung op déi sougenannte Baulandverträg. Hei ginn Terrainen déi aktuell net am Bauperimeter leie fir eng befristen Zäit an de Bauperimeter geholl.

Sollten dës Terrain’en innerhalb vun dësem Delai net bebaut ginn, ginn dës Terrain’en erëm automatesch reklasséiert. Doduerch gëtt verhënnert, dass de Perimeter erweidert gëtt,  ouni dass och wierklech op dësen Terrain’en Wunnraum geschafe gëtt. Well Terrain’en déi am Perimeter leien an net bebaut ginn hu mir genuch...ganzer 2.719ha!

Eng drëtt Piste ass d’Revalorisatioun vun den Industriebroochen. Et ass gewosst, dass verschidde klassesch Industrien hei am Land zougemaach hunn.....firwat sollt een dës Terrain'en net intelligent notzen? D’Industriebroochen si richteg Asse wann et drëms geet Wunnraum ze schafen. Dacks sinn dat enorm grouss Sitten, déi doderniewt gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn. Esou entsteet z.B. op der Schmelz zu Diddeleng um ale Produktiounssite vun Arcelor Mittal en neie Quartier, wou an Zukunft Wunnen, Schaffen a Fräizäit op engem Site statt fanne kann. 700 bis 800 Wunnunitéite wäerten am Quartier Nei Schmelz entstoen.

Landesplaneresch ass dat méi wéi sënnvoll well ee Wunne, Schaffen a Fräizäit op engem Site vereenege kann. D’Industriebroochen sinn och predestinéiert fir an d’Héicht ze bauen, et däerf een nämlech net vergiessen, dass eis Populatioun zwar all Joer em 13.000 Awunner wiisst, eis Landesfläch awer net.

Léiw Nolauschteren, grad an der Logementspolitik geet net alles vun haut op muer, mä mir kënnen haut d’Weiche stelle fir dass dës Mesuren iwwermuer gräifen!

AnhangGröße
Audio Icon 20160418_tribune_libre_mhahn.mp35.14 MB