Sie sind hier

Däitlech méi am Interessi vun de Bierger!

News Tribune libre Eugène Berger

Léiw Nolauschterinnen, léiw Nolauschterer,

Ongedold läit an der Natur vum Mënsch, also och an der Natur vum Politiker. Dat ass verständlech, well wann een eng Iddi huet oder Problemer op der Hand léien, da wëll een eng Léisung. An dat esou séier ewéi méiglech. Grad esou ewéi Ongedold oft an der Natur vum Politiker laït, gehéieren awer Prozeduren och zur Natur vun der Politik. Déi ginn emol méi oder manner séier virun. An dat ass och gutt esou! Gesetzer musse geschriwwen an op Häerz an Nieren an der Chamber an am Staatsrot gepréift ginn. D’Verwaltungen mussen Zäit kréien sech op Changementer ze preparéieren. Grouss Projete brauchen dofir Zäit. Ech freeën mech dofir besonnesch op déi néi Chamberssessioun well eng Réi Projeten un deenen laang geschafft ginn ass elo op e gutt Enn gefouert kënne ginn.

Et ass vill geschafft ginn an elo gëtt geliwwert!

Virop d'Steiererliichterungen! D'Steierreform, déi den 1. Januar a Kraaft trëtt, bréngt däitlech méi Kafkraaft fir d'Léit héi am Land. Zesumme mam Index hunn d'Stéit hei am Land vun 2017 un 5-6% méi Akommes! D'DP huet besonnesch Wäert dorobber geluecht, datt d'Leit mat mëttlerem Akommes entlaascht ginn, grad esou ewéi d'Elengerzéier, déi oft Schwieregkeeten hunn zum Schluss vum  Mount déi 2 Enner  beieneen ze kréien. Däitlech méi bréngt d‘Steierreform awer och fir d‘Uschafe vun engem Eegenheem, sief dat iwwert en méi héichen Steierabattement fir d’Scholdzënsen oder fir de Bauspuervertrag.

Vill Familljen hunn och ongedëlleg op den neie Congé parental gewaart. Dëse bréngt méi Flexibilitéit an en ass finanziell besser opgestallt. Esou kann een den neien Congé parental vum 1. Dezember un z.B. och nëmmen een Dag d‘Woch huelen. Dat wäert et erlaben, datt déi 2 Elterendeeler héivunner kënnen profitéieren. Well effektiv ass an der Vergaangenheet grad deen zweeten Congé parental oft net geholl ginn, sief et aus finanziellen Ursaachen oder wéinst net genuch Flexibilitéit. Den neien Congé parental bedäit deemno däitlech méi Zäit fir meng Famill.

Als leschte Punkt, wou sech vill den Ament deet, wëll ech d'Kannerbetréiung an d’Bildung opzielen. Mir mussen eise Kanner däitlech méi Chancë bidden. An der Kannerbetreiung ginn et dofir zënter dem Hierscht Qualitéitskritären, déi en eegent pädagogescht Konzept fir all Crèche a Maison Relais virgesinn. Mir wëllen nämlech, datt d‘Kanner net nëmme versuergt, mee och gefërdert ginn. Zousätzlech 120 Enseignanten am Fondamental suergen fir eng besser Ennerstëtzung fir Kanner mat Léierschwieregkeeten. Och an der Schoul huet eng individuell  Fërderung vun all eenzelem Schüler Prioritéit, well mir brauchen ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler.

Steieren, Famill a Bildung. Dëst sinn 3 Politikberäicher an deenen villes um Rullen ass am Interessi vun de Bierger vun eisem Land. Et ass eng Politik fir déi DP steet : däitlech méi Kafkraaft fir Stéit duerch eng sozial gerecht Steierreform, däitlech méi Zäit fir d’Famill duerch e besseren Congé parental an däitlech méi Chancën fir eis Kanner duerch eng besser Betréiung an duerfch en méi individualiséierten Schoulsystem.

 


Eugène Berger

AnhangGröße
Audio Icon 20161024_eberger_tribune_libre.mp35.47 MB