Sie sind hier

De Jonken Politik nobréngen

News Tribune libre Gesellschaft Carole Hartmann

Als jonken Demokrat ginn ech net midd jonk Leit unzeschwätzen fir sech politesch ze engagéieren. Dobäi huet een nach laang net ëmmer Succès. Au Contraire. Politik ass fir vill Jonker eppes Abstraktes, net gräifbar an oft ze komplizéiert.

Wéi kréien mer an eiser digitaler an globaler Gesellschaft nach Jonker mat Politik a Kontakt an bréngen se derzou sech fir Politik ze interesséieren?

Een ganz wichtegen Acteur ass do eis Schoul. D’JDL setzt sech säit Joren dofir an, dass politesch Bildung e gréissere Stellewäert an der Educatioun an doriwwer eraus och an eiser Gesellschaft kritt.

Iwwer laang Joren ass Politik quasi nëmmen an puer Stonnen dréchener „Instruction civique“ vermëttelt ginn. All Trimester huet een de Cours eemol auswenneg geléiert an duerno nees schnell vergiess.

Mir brauchen op de verschiddenen Niveau’en vun eisem Bildungssystem nei Methoden, nei Couren, déi deenen Jonken politesch Themen op enger moderner an ondogmatescher Aart a Weis nobréngen.

D’Jonk Demokraten gesinn an dem neien Cours „Vie et société“, deen dëst Schouljoer am Secondaire an d’nächst Joer am Fondamental agefouert gëtt, eng Chance fir och déi politesch Bildung vun deenen Jonken ze fërderen.

Zieler vun dësem Cours sinn nämlech ënner anerem de Kanner a Jugendlechen déi demokratesch Wäerter vun eiser multikultureller Gesellschaft ze vermëttelen an déi Jonk dozou ze bréngen sech selwer mat Liewens- a Gesellschaftsfroen ze beschäftegen.

Domat gëtt e Fach geschaaft, deen de kriteschen Geescht vun deenen Jonken stäerken soll an deen se doduerch och méi no zu der Politik féiert.

E weideren wichtegen Schrëtt am Sënn vun enger besserer Vernetzung vun Jonken mat gesellschaftspoliteschen Themen ass déi rezent Schafung vun engem „Zentrum fir politesch Bildung“.

Dësen soll virun allem als Denkfabrick wierken an Initiativen a Projet’en fërderen, déi jonk Leit zu kriteschen a responsabelen Bierger maachen an zu enger aktiver Participatioun un eiser Gesellschaft motivéieren.

D’JDL gesäit op deem Niveau och e wichtegen Rôle bei den Jugendorganisatiounen. 

Eng Idee wär déi, zesummen als Jugendorganisatiounen, en vue vun den Gemengen- an Chamberwahlen vun dësem an nächstem Joer, een Colloque ze organiséieren wou een gezielt déi jonk Neiwieler uschwätzt an hinnen an engem jonken Kader Äntwerten op hir Froen zu der Politik kann ginn.

Kommt mir interesséieren di Jonk fir Politik.

 


Carole Hartmann