Sie sind hier

D'Autonomie vun de Leit stäerken

News Arbeit Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Fir d'DP-Deputéiert Carole Hartmann ass et wichteg, d'Aarbechter an hirer Autonomie ze stäerken an d'Entreprise bei de néidegen Upassungen z'ënnerstëtzen.

D'Salariée vun haut wënsche sech méi Flexibilitéit. Do wou dat méiglech ass, sollen den Télétravail – ob am Home Office oder a Coworking Spaces – an d'Deelzäitaarbecht gefërdert ginn. D'Leit solle méi matbestëmme kënnen, wéini an och vu wou aus si schaffen.

Dat hëlleft fir d'Privat- an d'Beruffsliewen besser ënnert een Hutt ze kréien, fir Zäit ze gewannen an de Stress ze reduzéieren.

Innovativ Entreprisen, déi hire Leit Flexibilitéit an interessant Aarbechtskonditioune bidden, suergen domadder dofir, datt hir Mataarbechter sech besser fillen. Dat steigert d'Attraktivitéit vun der Entreprise a mécht se méi kompetitiv.

D’Digitaliséierung, d’Flexibiliséierung, de Congé parental, d’gratis Kannerbetreiung, Zäitspuerkonten, eng järlech Aarbechtszäit, Weider- an Ëmbildungen. Dat sinn alles Hëllefsmëttel, déi vill Positives bewierke kënnen, wa se richteg agesat ginn, esou d'Carole Hartmann weider.

Zesumme mat den Employéen a mat de Betriber, wäert sech d'DP weider fir d'Wuelbefannen op der Aarbecht asetzen.

 


Carole Hartmann