Sie sind hier

Spacemining

News Wirtschaft André Bauler

First mover sinn

Den DP-Deputéierten André Bauler huet an der Chamber bemierkt, datt Lëtzebuerg mat dësem Projet alt nees en Akzent als souveräne Staat setzt. „Mir notzen dee klenge Spillraum, dee mer nach a punkto Souveränitéit hunn, fir e Virsprong ze hunn. Mir legiferéiere fir vum sougenannte First mover Advantage ze profitéieren. Mir wëllen eis also am Spacemining positionéieren, besonnesch am Beräich vun der Innovatioun a vun der Fuerschung,“ esou den Nord-Deputéierten.

Et ginn och Risiken

Den André Bauler huet kloer gestalt, datt et keng keng 100%eg Sécherheet fir e Succès géing ginn. Et géife nämlech eng Partie Risiken, ma trotzdeem misst een dat Ganzt mat Optimismus ugoen, well doduercher kéinte nei Aktivitéiten ugezunn  an d’Ekonomie diversifizéiert ginn. Net ze schwätze vun der grousser Publicitéit fir d’Land Lëtzebuerg.

D’Gonscht vun der Stonn notzen

Spacemining wier e Laangzäitprojet. Dees wier sech och d’Regierung bewosst. E géing Ressource mobiliséieren an nei Entreprisen op Lëtzebuerg bréngen. „Mir sollten d’Gonscht vun der Stonn notzen an haut e gesetzleche Kader schafen, dee spezialiséierte Betriber entgéintkënnt. Da wäert sech weisen, wéi vill Investissementer an dësem Beräich op Lëtzebuerg kommen a wat fir Retombéeën eiser Wirtschaft, déi mer weider diversifizéiere mussen, zegutt komme wäerten,“ huet den André Bauler ënnerstrach.

view video on chd.lu

 


André Bauler