Sie sind hier

Méi flexibel Ëffnungszäiten?

News Tribune libre Arbeit Mittelstand Wirtschaft Claude Lamberty

Gudde Mëtteg léif Nolauschterer,

An der Aktualitéit zu Lëtzebuerg war dës Lescht vill vu Mëtschen a vu Bréidercher riets. Also vun eppes, wat ons alleguerten, all Dag betrëfft.

D’Fro koum vum engem Bäckerbetrib: ob hien net dat nämmlecht Recht hätt fir seng Wuere scho mueres ganz fréi oder owes méi spéit ze verkafen, wéi zum Beispill d’Tankstellen uechter d’ganzt Land dat scho méi lang maachen. Tankstellen, déi antëscht op ville Plazen d’Epicerie am Duerf ersat huet.

Schwaarz/wäiss gemoolt: Déi eng dierfen, déi aner dierfen net. Dat huet dem Betrib net gefall an dofir huet hie virum Verwaltungsgeriicht geklot. D’Verwaltungsgeriicht huet den Dossier sengersäits un d’Verfassungsgeriicht weiderginn an dat huet fonnt datt d’Gesetzer an deem dote Fall net konforme mat der Konstitutioun sinn. D.h. d’Gesetz fir limitéiert Verkafszäite fir d’Bäcker ass net Verfassungsgeméiss.

D’Gesetz schreift nämlech vir, datt de Bäcker just tëscht 6 Auer mueres an 8 Auer owes dierf ophunn. D’Tankstell e puer honnert Meter weider muss sech awer net dorunner halen. Deux Poids, deux Mesures? En onfairen Avantage also? De Wirtschaftsministère geet dovunner aus, datt entweder d’Ëffnungszäite ganz ewech falen oder datt jiddereen (also och d’Tankstell) sech muss un déi nämlech Zäiten halen. Déi läscht Méiglechkeet kënnt wuel éischter net a Fro. Schliisslech ass haut bal jiddereen dru gewinnt fir egal wéini zu sengem Brout ze kommen.

D’Politik muss deemno eng Léisung fannen, déi de Clienten an de Betriber a besonnesch hirem Personal gerecht gëtt. Bis elo war et jo esou, datt grouss Commercen a Pompelstatiounen, fir nëmmen déi ze nennen, souwisou méi laang op waren. Op de Grenzen däerfe Geschäfter esouguer Sonndes hir Clienten empfänken. An déi aner, wéi zum Beispill de klassesche Bäcker mussen sech u virgeschriwwen Ëffnungszäiten halen. De Gros vun de Leit - also dir an ech - hätte bestëmmt näischt dogéint fir hiert Brout oder hier Mëtsch deemnächst och méi fréi oder méi spéit kënne beim Bäcker ze kafen. Do wou ee sécher ass eng uerdentlech Qualitéit fir en uerdentlech Präis ze kréien.

Wann sech elo eppes bei den Ëffnungszäite sollt doen, da misst en uerdentlechen Accord tëscht Patronat a Salariat fonnt ginn. Et ass un der Politik fir do ze vermëttelen.

De Patron muss sech wéi ëmmer selwer decidéiere, wéi e Wee e geet. Hie muss kucken, ob déi nei Situatioun gutt fir säi Betrib ass oder net. An e muss kucken, fir mat sengem Personal eens ze ginn. E Personal, dat bis elo u relativ fix Zäite gewinnt war.

Anerersäits wësse mer z.B. aus der Kleeder- an aus der Schong-Branche, datt déi Beschäftegt dacks näischt dogéint hu fir och emol sonndes ze schaffen, well se doduercher méi Pai oder méi fräi Stonne kréien. Zäit, déi se kënnen anerwäerts eranhuelen, fir esou hiert Liewen an zemol hir Famill kënne méi kamoud z’organiséieren.

D’Politik vun der DP geet kloer an d’Richtung, datt d’Leit hir Famill an hiert Beruffsliewe solle besser koordinéiere kënnen. Eng modern Approche, wou d’Sozialpartner mussen hir Responsabilitéit iwwerhuelen. Dozou gehéiert och eng méi flexibel Reguléierung vun den Ëffnungszäiten.

 


Claude Lamberty