Sie sind hier

Xavier Bettel: „Ech stinn zum Filmfong“

News Medien und ICT Xavier Bettel

De Xavier Bettel an den Eugène Berger hunn an der „Heure d’acualité“ iwwert de Filmfong ënnerstrach, datt all déi Faiten, déi an der Lescht an der Press ugeschwat gi sinn, virun der Gesetzreform vun 2014 geschitt sinn. An och den Audit, deen de Ressortminister selwer bestallt huet, hätt keng Mëssstänn gewisen.

Fir d’Virwërf vun der Oppositioun, datt een d‘Sue beim Filmfong géinge relativ onkontrolléiert ausginn, géing et och keng Beleeger. An déi Leit, déi där Virwërf maache géingen, déi sollte mat hiren Informatioune bei de Parquet goen.

De Xavier Bettel an den Eugène Berger hate kee Problem domadder, fir de Filmfong nach eemol speziell vum Rechnungshaff kontrolléieren ze loossen, och wann ebe just d’Kontroll an de leschte Jore wesentlech verschäerft gi wier.

 


Xavier Bettel