Sie sind hier

Brexit: „Europa steet viru groussen Erausfuerderungen“

News Außenpolitik Eugène Berger Xavier Bettel

Den 23. Juni huet d’britesch Vollek decidéiert: Groussbritannien soll net méi Member vun EU sinn. Wéi et elo viru geet a wat de Brexit fir Konsequenzen op der Insel an am Rescht vun der Unioun wäert hunn, gouf de Donneschden de Mëtteg an der Chamber debattéiert.

No intensiven 48 Stonne Verhandlungen am europäesche Conseil, ass de Staatsminister Xavier Bettel en Donneschden an d’Chamber ob d’Konsequenze vum Resultat vum Referendum agaangen. Ronn 52% hunn fir de „Leave“ ofgestëmmt. An och wann dëst eng Knapp Majoritéit ass, muss dës Decisioun respektéiert ginn. „Dat heescht awer net dat mer se net bedauere well d’EU verléiert ee wichtege Partner“, sot de Premier.

Soulaang déi britesch Regierung den Artikel 50 aus dem Lissabon Vertrag, deen d’Verloosse vun engem Memberstaat virgesäit, net invoquéiert, ännert sech näischt un der Situatioun. D’Verhandlungen iwwert den Austrëtt duerfe bis dohinner net ufänken. „Wat mir Suerge mécht als Observateur, ass datt déi britesch Regierung net wousst dat de Brexit kënnt, an datt si elo net weess a wéi eng Richtung se solle goen", esou de Xavier Bettel. Nervositéit ass an allen Wirtschafts-a Finanzsecteuren, mee och bei de Bierger kloer ze verspieren. Wat déi konkret Repercussioune wäerte sinn, kann een elo nach net soen. Réischt a 5-6 Joer wäerte mir vun de Konsequenzen ee komplett Bild hunn.

An dëser Situatioun solle mir awer méi wäit goen ewéi just d’Fro vum Brexit. Mir mussen eis d’Fro stellen, ob d’EU wéi se elo ass, déi ass, déi d’Leit sech virstellen? […] Als Politiker hu mir eng Responsabilitéit. Bréissel, dat si mir, mir duerfen net esou maache wéi wann mir mat Bréissel näischt ze dinn haten“, huet de Premier energesch betount.

Och den Eugène Berger, deen als Spriecher vun der Fraktioun geschwat huet, konnt nëmmen ënnersträichen, datt et elo virun allem wichteg ass de Leit nees Loscht op Europa ze ginn. D’EU ass ze wäit ewech vun de Bierger, an ze séier ass vergiess gi wat mir der EU ze verdanken hunn, sief et zum Beispill all déi Avantagen, déi mir duerch d’Fräizirkulatioun hunn bis zu dem Beispill Reesen oder Studéieren.

Wéi et dann elo mat Groussbritannien kéint weider goen, doropper ass de Fraktiounspresident Eugène Berger agaang, wéi en déi méiglech Zeenarioen duerchgespillt huet: Wéi Norwegen kéint d’Groussbritannien Member vum europäesche Wirtschaftsraum ginn, wéi d’Schwäiz kéinten d’Relatiounen iwwert bilateral Ofkommes gereegelt ginn. Oder awer Groussbritannien géif sech op hir Memberschaft an der Welthandelorganisatioun beruffen a relativ souverän seng eegen Handelsbezéiunge mam Rescht vun der Welt fleegen.

Fir béid Politiker war et ganz kloer dat et nom Brexit kee Europa „à la carte“ dierf ginn. Entweder ass ee Land Member, mat all senge Rechter a Flichten, oder een ass net Member, mee dertëschent gëtt et näischt. „Et ass eng Unioun vun der Solidaritéit, an net een individuellen, egoistesche Projet“, esou de Premier ofschléissend.


Declaratioun vum Staatsminister Xavier Bettel


Ried vum Fraktiounspresident Eugène Berger

 


Xavier Bettel

Eugène Berger