Sie sind hier

Zäitspuerkonten am Privatsecteur: Fir e besseren Equiliber tëscht Privat- a Beruffsliewen

News Arbeit Familie Frank Colabianchi

Mam Ausbau vun den Zäitspuerkonten op de Privatsecteur (mat Kollektivvertrag) suergt d’Regierung dofir, datt d’Leit zu Lëtzebuerg hir Aarbecht, Famill a Fräizäit besser ënnert een Hutt kënne kréien. Dat ass eng absolut Prioritéit vun der DP. Dat huet se beim Aféiere vum méi flexibele Congé parental, dem neie Pappecongé an de méi flexibele Congésdeeg fir d’Eltere vu kranke Kanner gewisen.

D’Zäitspuerkonten, déi jo schonn an der Fonction publique bestinn, ginn elo also op de Privatsecteur ausgebaut. En Element vun enger Aarbechts-Flexibiliséierung, wéi d’DP et sech virstellt.

Den DP-Deputéierte Frank Colabianchi huet dat neit Gesetz an der Chamber begréisst. Hien huet awer och ënnerstrach, datt d’Aarbechtsrecht am beschte sollt esou wäit wéi méiglech flexibel a moossgeschneidert Accorden tëscht dem Salarié an dem Betrib erlaben, och ouni mussen op e Kollektivvertrag zréckzegräifen.

 


Frank Colabianchi