Sie sind hier

Eng modern a méi kandgerecht Grondschoul

News Bildung Claude Meisch

An deene leschte Wochen huet den Educatiounsministère op 8 Informatiounsversammlungen uechter d'Land invitéiert. Den Interessi war grouss. Ronn 1.000 Leit hunn sech an d'Diskussiounen abruecht a konnten dem Minister Claude Meisch Froen iwwer d'Verbesserungen an eise Grondschoule stellen.

Et ass virop ëm déi multilingual Fréifërderung gaangen.  Kanner tëscht engem a 4 Joer fält et besonnesch liicht, néi Sproochen ze léieren. Et gëtt dofir an Zukunft vun dësem Zäitraum profitéiert fir d’Kanner esou fréi wei méiglech mam Lëtzebuergeschen a Franséischen a Kontakt kommen ze loossen. Et geet drëms d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis an kandgerecht un Friemsprooche runzeféieren, fir datt et hinnen dono an der Grondschoul méi liicht fält dës Friemsproochen ze verdéiwen an dës net méi als Sproochenbarrière z'empfannen. D’Freed an d’Loscht sollen dobäi bei de Kanner am Mëttelpunkt stoen.

Een weidert Thema war d'Betreiung vu Kanner mat Léierschwieregkeeten. De Minister Claude Meisch huet d’Léierschwieregkeeten, d’Verhalensopfällegkeeten oder soss spezifesch Besoin’en vu Kanner ugeschwat, déi de Betraffenen oft vill Schwieregkeeten am schouleschen Alldag bereeden.

Op nationalem Niveau sollen dofir weider 3 Instituter geschaaft ginn, fir besser op déi spezifesch Problemer vun de Kanner anzegoen. Dëst sinn, een Institut fir Kanner mat Léierschwieregkeeten, een Institut fir Kanner mat Verhalenopfällegkeeten, an een Institut fir héichbegaabt Kanner. D’Dieren vun dësen Instituter sollen am Laf vum nächste Schouljoer opgoen.

Ma och an de Schoulklasse selwer gëtt sech an Zukunft besser ëm dës Kanner gekëmmert. Iwwert déi nächst véier Joer sollen zousätzlech 150 spezifesch ausgebilten Enseignanten agestallt ginn, déi gezillt mat dëse Kanner schaffen an doduerch d’Léierin oder de Schoulmeeschter an hire Klassesäll entlaaschte sollen. Dëst erméiglecht besser op déi spezifesch Problemer vun dëse Kanner anzegoen, ouni awer mussen déi aner Kanner ze vernoléissegen.

De Ministère wëll an Zukunft och déi verschidde Servicer besser matenee koordinéieren. Den Interêt vun de Kanner soll ëmmer am Mëttelpunkt vun deene Mesure stoen. An deem Kontext, sinn och déi geplangten Upassunge vun der „Education différenciée“ ze verstoen, déi nach dëst Joer sollen op den Instanzewee geschéckt ginn.

Falls Dir dës Informatiounsversammlunge verpasst hutt, kennt Dir Iech hei nach eng Kéier de Replay ukucken.

 

 


Claude Meisch