Sie sind hier

Pressekonferenz zur Standuertpolitik: Permanent innovéieren, nohalteg Nische fannen, Standuert kohärent diversifiéieren

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

De Finanzminister Pierre Gramegna an den DP-Deputéierten André Bauler hunn den Dënschdeg eng PK iwwert de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ginn… iwwer seng Ausriichtung, seng Diversifizéierung a seng Perspektiven.

D’Wirtschaftspolitik vun der Regierung huet gegraff. De Wuesstem louch déi lescht 5 Joer an der Moyenne bei gutt 3%. De Chômage läit um niddregste Niveau zanter 2011. De Standuert Lëtzebuerg steet besser do, wéi jee, esou den André Bauler.

Ursaach fir déi gutt Situatioun ass eng seriö Budgetspolitik: 2013 louch d’Staatsschold bei 23,5% vum PIB, 2021 dierft d’Land esouguer ënner 20% leien. An dat bei ganz héijen ëffentlechen Investissementer. Esou konnt den TripleA geséchert ginn, wat extrem wichteg fir d’Renommée vun der Finanzplaz ass.  

D’Finanzplaz huet sech déi lescht Joren ganz gutt entwéckelt. Trotz ville Changementer, ë.a. duerch d’Digitaliséierung, schaffen haut eng 47 000 Leit am Secteur. 2000 méi wéi d’lescht Joer. Dat sinn 11% vun der aktiver Bevëlkerung, déi 30% vum PIB produzéieren. D’Finanzplaz ass e ganz produktive Sekter, dee qualitative Wuesstem produzéiert, huet de Ressortminister Pierre Gramegna ënnerstrach.  

D’Finanzplaz steet sech es gutt, och well Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht huet, fir Transparenz an deem Sekter ze suergen, esou de Pierre Gramegna:

Dank enger couragéierter a responsabeler Politik si mir haut an enger Situatioun, wou eis nei Kompetenzen, eis Oppenheet, eise Knowhow an och ons politesch Stabilitéit & Previsibilitéit voll spillen.

D’DP wëll d’Finanzplaz awer wieder stäerken, esou de Finanzminister: Standuertpolitik op Lëtzebuergesch, dat heescht, permanent innovéieren, nohalteg Nischen fannen an eise Standuert kohärent diversifiéieren. Dat gëllt z.B. scho fir Green Finance a FinTech.

Mir wëllen a mussen den Erfollegmodell Lëtzebuerg weider ausbauen. Dofir brauche mer wirtschaftleche Wuesstem, dee Sënn mécht

esou den André Bauler: De Wuesstem dierf net schueden, weder de Leit, déi hei liewen, nach deenen, déi hei schaffen.

Fir de wirtschaftleche Standuert net op Käschte vun der Liewensqualitéit vun de Mënschen ze stäerken, misst awer ëmgeduecht ginn.

Mir wëllen net manner. Mir wëlle Wuesstem, awer mat manner Ressourcëverbrauch. Mir wëlle méi Qualitéit a manner Quantitéit. Eng nohalteg an intelligent Standuertpolitik, déi d’Liewensqualitéit als Standuertfaktor vun eisem Land betruecht.


 

Pierre Gramegna

André Bauler