Sie sind hier

Passage vum Primaire an de Postprimaire

News Bildung Gilles Baum

Ännerungen um Niveau vun der Orientéierungsprozedur

D’Leeschtung vum Kand gëtt iwwert zwee Joer gekuckt an d’Eltere kréien däitlech méi Gewiicht an der Entscheedung, ob hir Kanner an de Lycée classique, de Lycée technique oder an de Régime préparatoire orientéiert ginn. Den Ost-Deputéierte Gilles Baum war Rapporteur vun dëser Reform an ass an der Chamber op d’Neierungen agaangen.

D’Orientatioun fänkt schonn am 5.Schouljoer un, am Cycle 4.1., wou an de Gespréicher mat den Eltere gekuckt gëtt, wouhinn d’Elteren sech wënschen, datt hirt Kand nom 6.Schouljoer geet.

Dobäi gëtt d’Kand als Ganzt gekuckt; niewent senge schoulesche Leeschtunge ginn och seng Interesse gekuckt. Wéi steet d’Kand zum Léieren? Brauch et vill Zäit fir ze léieren ? Wat si seng méi kreativ Säiten?

Natierlech gëtt weider fir all Kand en Dossier iwwert déi 2 Joer ugeluecht, déi national standardiséiert Epreuvë bleiwe bestoen esou wéi d’Präsenz vum Psycholog bei der Orientatioun, wann d’Elteren dat wënschen.

Wat ass dann elo nei? D’Orientatiounsprozedur geet iwwert déi 2 Joer vum Cycle 4, et ginn 3 Gespréicher mam Titulaire, eng Informatiounsversammlung iwwert déi nei Prozedure an d’Méiglechkeet schonn am 5.Schouljoer am Kader vum ORIKA an d’Lycéeën eran ze luussen. Den Entretien am 3.Trimester soll am Kader vum Bilan festleeë wou d’Stäerkten a d’Schwächte sinn.

Am Cycle 4.2., also fréiere 6. Schouljoer, ginn et 2 Gespréicher mam Titulaire. Dat 3.Gespréich gëllt als “entretien d’orientation” an deem d’Entscheedung wou d’Kand higeet festgehale gëtt. Och am 6.Schouljoer stinn esouwuel den ORIKA wéi och d’ ”épreuves communes”, déi national standardiséiert Tester, um Programm.

Well an iwwer 80% vun de Fäll d’Elteren an d’Léierpersoun déi selwecht Meenung hunn wat di schoulesch Zukunft vum Kand ugeet, fält den Opnameexamen (examen-recours) a senger jëtzeger Form ewech.

Wann d’Elteren an de Schoulmeeschter sech eens sinn, ënnerschreiwen si gemeinsam um Enn vum 6.Schouljoer den Avis d’orientation fir d’Kand. Am Fall wou keng Eenegung besteet tëschent dem Léierpersonal an den Elteren, trëtt déi nei Prozedur a Kraaft. D’Eltere sëtzen dann an der  Commission d’orientation, déi vum Schoulinspekter presidéiert gëtt. Ëmmer derbäi sinn en Enseignant aus dem Cycle 4, e Psycholog aus dem CPOSa jeeweils e Professeur-orienteur aus dem Classique an dem Technique.

An dëser Commission d’orientation soll dann, zesumme mat den Elteren, déi bescht Léisung fir d’Kand fonnt ginn. Dobäi gëtt sech op den Dossier, d’Tester aus denen 2 leschte Joren an déi national Epreuvë baséiert.

Ofschléissend nach e puer Statistiken :

Dëst Joer goufe 5063 Kanner um Enn vum 6.Schouljoer orientéiert.

  • 35,4% an den Enseignement secondaire classique
  • 47,6% an den Enseignement secondaire technique
  • 16,0% an de Régime préparatoire
  • 1% muss redoubléieren 


Ried vum Gilles Baum

 


Gilles Baum