Sie sind hier

Neit Waassergesetz : bessere Schutz fir eis Gewässer an eist Drénkwaasser

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Méi Bedeitung fir Gewässerschutz

„De Gewässerschutz kritt duerch dëst Gesetz nach méi Bedeitung!“, huet de Süd-Deputéierte Gusty Graas um Krautmaart festgehalen. “D'Renaturéierung vun eise Gewässerleef gëtt duerch dëst Gesetz gestäerkt! Dat ass immens wichteg, well d’Renaturéierung vun eise Baachen a Flëss ass net nëmmen eng gutt Waff géint Iwwerschwemmungen, mä se erhéicht och Selbstrengegungskraaft vum Waasser,“ esou de Gusty Graas.

Keen Eenheetswaasserpräis

D'DP ass, am Géigendeel zur CSV, géint en Eenheetswaasserpräis. Dat wier en Agrëff an d'Gemengenautonomie an onfair vis-à-vis vun deene Gemengen, déi vill an de Gewässerschutz investéieren. „De Waasserpräis muss käschtendeckend sinn! A bei verschidde Gemenge sinn d’Käschten nun eemol méi héich wéi bei aneren,“ huet de Gusty Graas ënnerstrach. Mat dësem Gesetz gëtt och eng véiert Kategorie vu Waasserpräis agefouert: niewent dem Präis fir d’Industrie, fir d’Landwirtschaft a fir d’Stied kënnt e Präis fir den Horesca-Secteur a fir d’Campingen dobäi.

Méi performant Kläranlage fir d’Land

Fir d’Qualitéit vun eise Gewässer ass et wichteg, datt d’Gemengen elo méi responsabiliséiert a verflicht ginn, fir vu mechanesche Kläranlagen op biologesch Kläranlagen ëmzeklammen. D'DP ass allerdéngs net besonnesch euphoresch  iwwer d'Erofsetze  vun de staatlechen Hëllefe vu 65% op 50% beim Bau vu Kläranlagen. „Et misst een och eemol d’Diskussioun féieren, ob et net méi sënnvoll wier, wann de Staat responsabel fir de Gewässerschutz wier, natierlech am Verbond mat de Gemengen", esou de Constat vum Gusty Graas.

view video on chd.lu

 

 

Gusty Graas